
Déi Rout Lëscht vun der Weltnaturschutzunioun IUCN zeechent en “däischtert Bild zur Lag vu Flora a Fauna”. Tigere sinn der IUCN no weiderhi staark a Gefor, genee wéi den eng éischte Kéier ënnersichte sougenannte Monarch-Päiperlek.

“D’Aktualiséierung vun der Rouder Lëscht verdäitlecht d’Zerbriechlechkeet vum Wonner vun der Natur, wéi zum Beispill dat eenzegaartegt Spektakel vun de Monarch-Päiperleken, déi iwwer Dausende vu Kilometer wanderen”, erkläert den IUCN-Generaldirekter Bruno Oberle. De Liewensraum vun de Päiperleken, déi all Joer eng kilometerlaang Rees tëscht Kanada, den USA a Mexiko zeréckleeën, wier duerch Ofholze an den Asaz vu Pestiziden an Herbiziden an der Landwirtschaft ëmmer méi menacéiert.
Der Weltnaturschutzunioun no liewen tëscht 3.726 a 5.578 Tigeren a fräier Natur an domat méi wéi bis ewell ugeholl. Déi nei Schätzung, déi ëm 40% iwwert der leschter Auswäertung am Joer 2015 läit, berout op enger verbesserter Iwwerwaachung vun der Populatioun. Tigere wiere virun allem duerch Wëlderen, de Verloscht vun hirem Liewensraum an engem ëmmer méi klenge Bestand u Beut a Gefor.
Och ënner Waasser gëtt der WWF no déi biologesch Villfalt ëmmer méi kleng. Sämtlech Aarte vu Stören a Läffelstöre gëllen als menacéiert. De Glat-Stör ass an Europa schonn ausgestuerwen.
Et wier e wierksame Schutz wéi och Schutzgebidder an decisiv Moossnamen zur Bekämpfung vum Klimawandel an dem Neeshierstelle vum Ökosystem néideg, fir déi “räich Villfalt vun der Natur” z’erhalen, betount den IUCN-Generaldirekter Oberle nach.
Nieft der IUCN huet och de WWF dësen Appell gemaach. “Eis Gesondheet, Wirtschaft, jo eis gesamt Existenz hänkt vun der Natur of”, erkläert d’Aarteschutz-Expertin vun der Ëmweltschutzorganisatioun Anne Hanschke. De System wier ze vergläiche mat engem Tuerm aus Bauklätz, woubäi all Steen eng Déieren- oder Planzenaart duerstellt. “Nëmme wann dësen Tuerm vum Liewe stoe bleift, kënne mir Mënsche gesond a sécher liewen.” Et wier e besseren Naturschutz néideg, fir ze verhënneren, “dass dësen Tuerm zesummebrécht.”
De WWF rifft d’Bundesregierung op, sech bei der Weltnaturkonferenz am Dezember am kanadesche Montreal fir en éiergäizegt neit Ofkommes zum Schutz vun der biologescher Villfalt anzesetzen an den däitsche Bäitrag zur internationaler Finanzéierung fir den Erhalt vun der Biodiversitéit op d’mannst 2 Milliarden Euro all Joer opzestocken.