
E WWF-Rapport mécht op déi verschidde Menacen opmierksam, deenen d’Waler an hire Liewensraim ausgesat sinn. Virum allem fir gréisser Déieren, déi wäit Strecken zeréckleeën, wier et dacks en “déidlechen Hindernisparcours”, warnt den Axel Hein vu WWF Éisträich.
Satellittebiller aus de leschten 30 Joer weisen, wéi eng Geforen am Alldag op si laueren: Fëscherei, Schëfffaart, Kaméidi, Plastik a Schuedstoffer am Waasser. Déi déidlechst Gefor wier allerdéngs de “Bäifang”, also wa vun de Fëscher net viséiert Déieren sech mat an de Fëschernetzer verfänken. All Joer stierwen op dës Manéier ronn 300.000 Waler an Delfinen. Si leiden ënnert dem mënschlechen Afloss op d’Mier, sou WWF. Ëmmer nees si si Geforen ausgesat, ob an hire Liewensraim, wa si iessen, sech fortplanzen oder Klenger op d’Welt bréngen, ma och op hire Wanderweeër.
Hautdesdaags gëlle mëttlerweil 6 vun den 13 grousse Walzorten als menacéiert oder staark menacéiert. Am stäerkste betraff ass WWF no d’Populatioun vun den nordatlantesche “Glattwaler”, déi tëscht Kanada an den USA ënnerwee sinn. Mat 336 Exemplaren ass hire Bestand um niddregsten Niveau zanter 20 Joer ukomm. Ausserdeem stinn de Finn- a Pottwal op der rouder Lëscht. 2.500 Pottwaler liewen am Mëttelmier, 200 bis 250 dovun am ëstlechen Deel vum Mier. Am geféierlechste si fir dës Déieren d’Schëffsaccidenter. Bei bis zu 50% vu Waler, déi un de Plagen ugeschwemmt goufen, goufen Narbe vu Schëffer oder Schrauwen nogewisen.
De Schutz vun hire Wanderweeër nëtzt schlussendlech net nëmmen de Waler, mä och de Mënschen. Dës Déiere spillen nämlech eng wichteg Roll fir den Ökosystem vun de Weltmierer. Ee Wal hëlt nämlech genausou vill Kuelestoff op wéi dausende vu Beem, ënnersträicht d’WWF an hirem Bericht.