
Si enstinn an der Däischtert, an den déiftsten Déifte vun eisem Planéit, oft aus Magma oder ënner Iwwerdrock vun dichtem Gestengs, vill Kilometeren ënner der Äerduewerfläch. Si hu Millioune vu Joere gebraucht, fir an eng Schicht eropzewanderen, an där se vum Mënsch kënnen ofgebaut ginn. Hei erhale se hir Struktur a Mierkmoler, déi se sou eenzegaarteg maachen: Geheimnisvoll Eedelsteng.
Am Mëttelpunkt vun der Äerd a 6 378 Kilometer Déift ass et 5 000 °C waarm. Reese kann een net dohin, mee als Uewe fir Mineralien ass et déi perfekt Plaz. Wann Der dem Jules Verne säi Roman „D’Rees zum Mëttelpunkt vun der Äerd“ gelies hutt, wësst Der, datt d’Haaptprotagoniste sech an d’Déifte vun der Äerd beginn a staunend viru Risekristaller stoe bleiwen. An der Realitéit war keen ähnlecht Beispill bekannt, bis ufanks der 2000er Joeren an der Minn vun Naica a Mexiko risegrouss Kristaller fonnt goufen.

Mee, dës Hiel läit nëmmen an 290 Meter Déift. An der Ausstellung „From Dark to Light“ klamme mir zwar net bis zum Mëttelpunkt vun der Äerd erof, mee ëmmerhin bis tëscht 7 a 400 Kilometer déif erof. De Visiteur léiert hei verschidde Virgäng kennen, déi mat der Verschibung vun den Äerdplacken zesummenhänken, mee och déi besonnesch Konditiounen, déi zur Entsteeung vun Diamanten, Rubinen, Saphiren an Topase féieren.
Wéini huet wuel fir déi éischt Kéier e Mënsch e Steen opgeraf, well en e schéi fonnt huet oder well e sech selwer domadder wollt erausbotzen. War e vu senger Form, senger Faarf oder senger besonnescher Textur ugezunn? D’Geschicht vun de Steng als Bijou ass ganz al a geet bis a längst vergiessen Zäiten zeréck. Vun Ufkank un gouf et eng esthetesch Tendenz bei der Beaarbechtung vun dësen nëtzlechen Objeten, déi sech am Gebrauch vun dekorativen Elemente weist.

Wann de Mënsch dës ‘Minneblumme’ pléckt, wann e se opreeft oder exploitéiert, dann hu se schonns all hiert Potential. Mat der Zäit huet hie geléiert si ze transforméieren, se a Valeur ze setzen, se ze schläifen an ze poléieren, fir datt ze glënneren a fénkelen.
Si faszinéieren duerch hir Faarwen.
Si sinn eenzegaarteg.
Amethysten, Citrinen, Saphiren, Smaragden, Opalen, Diamanten an nach vill anerer gehéieren zu enger vilfälteger Welt, an där ee sech liicht verléiert an an där et esou munch Kéier schwéier fält, echt vun onecht ze ënnerscheeden.
Eedel- a Bijoussteng sinn heefeg vu Geheimnissen a Legende begleet. Et schreift een hinnen okkult Fäegkeeten zou, mee nëmme wéineg Leit wëssen, vu wou se tatsächlech kommen, wéi ee se fënnt, wéi se am natierlechen Zoustand ausgesinn a firwat esou vill Männer a Frae vun hinne verzaubert sinn.

Si gi benotzt fir schéin ze man, si déngem dem Schäin, dem soziale Status, si sinn zënter Joerdausende e Mëttel fir ze verféieren an e Symbol vun der Muecht. Hir Faarwen, hir Schéinheet, hir geheimnisvoll Aura an hire Wäert faszinéieren a verféiere Männer wéi Fraen, och wann d’Moud an de Goût sech ëmmer erëm änneren. Wéi denkt Dir wuel doriwwer, a wäert Är Astellung zu den Eedelsteng sech um Enn vun der Ausstellung verännert hunn?
From Dark to Light
Mineralien an Eedelsteng
Vum 23. Oktober 2020 bis 6. Juni 2021
dënschdes – sonndes: 10 bis 18 Auer
Zitt an dësen Zäiten vum Social Distancing eng Visitt am Musée zu manner besicherstaarken Auerzäite vir (an der Woch an um Weekend resp. an der Vakanz tëscht 10 a 14 Auer)
‘natur musée’
25, rue Münster; L-2160 Lëtzebuerg
www.mnhn.lu
3D Visitt vun der Ausstellung : https://my.matterport.com/show/?m=nX6FUESYvuN