De Steve Fernandes ass zesumme mam Olivier Beck (B) de leschte Weekend am Kader vum Tour European Rally a Frankräich un den Depart gaangen.

Tour European Rally ass eng Serie vu Rallyen, déi uechter ganz Europa gefuer ginn, a fir een eenzegt Championnat zielen.  Am Fong sollt als éischt de Rallye de Cunesi an Italien gefuer ginn... deen ass awer kuerzfristeg aus dem Kalenner gestrach ginn. Domat war de Rallye d'Antibes Côte d'Azur den Optakt vun der TER-Serie... e Rallye, deen de Steve Fernandes schonn aus de Joere virdru kennt.

Deementspriechend zouversiichtlech war de Lëtzebuerger Pilot, fir hei e gutt Resultat ze maachen, ouni awer ze vergiessen, dass hien hei mat engem fuschneie Skoda Fabia R5 um Depart war.

Et sollt keen einfache Rallye ginn... um Depart ware Pilote wéi Yoann Bonato, Nicolas Ciamin, Yohan Rossel, Quentin Gilbert a Raphaël Astier, fir nëmmen déi ze nennen.

Dobäi koumen immens schwiereg Wiederbedingungen. Samschdes an der 1. Boucle huet de Steve Fernandes an ass mat Slicks aus dem Service erausgefuer. Déi Rechnung wier och opgaangen... wann en an en ënnert den éischten 10 Pilote gestart wier. Ma de Reen koum eréischt no den éischten 10 an domat huet et och de Steve Fernandes an den Olivier Beck getraff. Et huet also geheescht virsiichteg iwwert d'Speciallen ze kommen.

Mëttes hu se d'Strategie geännert a sinn op Reenpneuen erausgefuer. Nodeems éischt gutt Zäite gefuer goufen, koum dunn awer Pech mat an d'Spill. En Auto virun hinnen hat e Steen op d'Streck geschleidert... deen de Steve mam Skoda voll ze pake krut: Resultat war e Platten direkt um Ufank vun der Special. Et ass dem Lëtzebuerger/Belsche näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi d'Rad op der Special ze wiesselen, an deem Fall awer e Slick, a kee Reepneu méi. Iwwer 2 Minutten hu se doduerch am General verluer.

Um Enn vum Samschdeg loungen de Steve Fernandes an den Olivier Beck op Plaz 5 an der TER-Wäertung an op Plaz 18.

Um Sonndeg sinn d'Speciallen méi an d'Héichte vun de Bierger geplënnert (1600m). Hei haten d'Equipagen du mat ganz schlechte Siichtverhältnisser ze kämpfen, well se quasi duerch Wolleken hu musse fueren. De Reen war selbstverständlech och nees um Rendez-Vous. Nodeems Fernandes/Beck schonn um Samschdeg vill Zäit leie gelooss hunn, goung et hinnen um Sonndeg virun allem drëm verschidde Setupen ze testen, en Vue vun den nächste Rallyen.

Déi éischt Variant huet dem Steve guer net gefall an am Service gouf dunn nach emol komplett ëmgebaut fir déi zweet Boucle vum Dag. D'Zäiten hu sech däitlech mam neie Setup verbessert. Eng grouss Iwwerraschung gouf et op der leschter Special... de Leader vum Rallye Yoan Bonato (Citroën C3 R5) hat 5 Kilometer virum Enn vun der Special eng Sortie a war domat eraus aus der Course. De Yohan Rossel, och op Citroën C3 R5 huet dovu profitéiert a konnt sech op der leschter Special d'Victoire sécheren. Ma och fir de Steve Fernandes ass et nach emol e Réckschlag ginn. Och hien huet um Enn nach e Feeler gemaach an huet e Fiels ze pake kritt. Dobäi huet hien sech eng Felge vum Skoda an en Uelegbehälter vum Fuerwierk zerstéiert.

Si hunn d'Rad mussen op der Special wiesselen a verléieren nees vill Zäit. Am General fale se doduerch vu Plaz 14 op d'15... an der TER gewanne se awer souguer eng Plaz, no der Sortie vum Bonato.

TER-Klassement:

1) Michel S. - Degout J. (Skoda Fabia R5)
2) Riberi B. - Haut-Labourdette F. (Skoda Fabia R5)
3) Haut-Labourdette R. - Tardito F. (Skoda Fabia R5)
4) Fernandes S. - Beck O. (Skoda Fabia R5)
5) Göttig S. - Solbach-Schmidt N. (Skoda Fabia R5)

Generalklassement:

1) Rossel - Citroën C3 R5      2:22:56,9
2) Gilbert - VW Polo GTI R5    2:24:01,8
3) Astier - Hyundai i20 R5      2:26:11,5
4) Wagner - VW Polo GTI R5  2:27:14,1
5) Michel - Skoda Fabia R5     2: 28:00,4

.
.

15) Fernandes - Skoda Fabia R5   2:41:48,1

Den nächste Rendez-Vous am TER-Championnat ass den 19. an 20. Juli beim Rallye de Ferrol a Spuenien. Duerno geet et Ufank September weider mam Rallye Omloop van Vlaanderen an der Belsch, Enn September den Transilvania Rally a Rumänien, an dann als Ofschloss Enn Oktober de Rallye International du Valais an der Schwäiz.