NLS6 um Nürburgring48 Losch Motorsport mam Dylan Pereira gewënnt Klass ProAM

RTL Lëtzebuerg
Am General ass et fir d'Lëtzebuerger Ekipp domat bei dëser 4-Stonne-Course um Nürburgring déi 3. Plaz.
© Romain Scheffen

Zesumme mat sengen Teamkollegen Tobias Müller a Patrick Assenheimer huet den Dylan Pereira sech am Porsche 911 GT3 R EVO vun 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON déi 3. Plaz am Generalklassement geséchert.

D'Victoire am General war fir Dunlop Motorsport (Nico Menzel, Sven Müller) mam Porsche 911 GT3 R. Op déi zweet Plaz sinn de Jens Klingmann an de Robin Frijns vu Schubert Motorsport am BMW M4 GT3 EVO gefuer.

Béid Ekippe sinn awer an der Pro-Klass gefuer, soudass déi éischt Plaz an der ProAM-Klass u 48 Losch Motorsport geet. Hei war déi 2. Plaz fir PROsport racing mam Mercedes-AMG GT3 (Adam Christodoulou, Kyl Tilley, Jake Hill) a Plaz 3 goung u Gamota Racing mam BMW M4 GT3 EVO (Antal Zsigo, Moritz Kranz, David Jahn). Am Generalklassement sinn déi zwou Ekippe op d'Plaze 4 a 7 komm.

© Jeannot Boesen

Back to Top
CIM LOGO