Schrecklechen AccidentFormel-2-Pilot Hubert ass u Suitte vun Accident gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et bei der Course vun der Formel 2 zu engem schrecklechen Accident tëscht zwee Autoen.
© AFP

De Juan Manuel Correa an den Anthoine Hubert sinn an der zweeter Ronn bei knapp 270 km/h an der berühmter Eau Rouge kollidéiert. D’Gefierer hate sech puermol iwwerschloen.

Béid Autoen hunn alles aneschters ewéi gutt ausgesinn, d’Gefier vum Correa war op der Héicht vun der viischter Achs gebrach. D’Féiss vum US-Amerikaner houngen nom Accident am Fräien. Och den Auto vum Hubert war zerbrach, hei war de kompletten hënneschten Deel ewechgerappt ginn.

© AFP

Den Hubert hat sech ausgangs Radillion gedréint, war an d’Pneue-Mauer gerannt a koum queesch zeréck op d’Streck, De Correa konnt net méi auswäichen an ass mat héijem Tempo säitlech an den Auto gerannt. Am Uschloss gouf d’Course ofgebrach.

De Fransous Anthoine Hubert sollt den Accident net iwwerliewen. Hien ass 22 Joer al ginn.

Back to Top
CIM LOGO