D'Course ëm den Titel bei der Rallye-WM spëtzt sech zou. Duerch dem Ogier seng Victoire an der Tierkei réckelt d'Spëtzt no beieneen.

De Sebastien Ogier huet sech dës Woch bei der WRC-Rallye Tierkei an der Course ëm de WM-Titel zréckgemellt.  De Fransous op Citroen huet seng éischt Victoire zanter Ufank Mäerz gefeiert.

Gläichzäiteg huet de Serië-Weltmeeschter vum Out vum Leader Ott Tänak op Toyota profitéiert. Dräi Rallye viru Schluss trennen den Duo un der Spëtzt vum General nëmmen nach 17 Punkten (210:193). Drëtten am WM-Klassement ass den Thierry Neuville op  mat engem Réckstand vun 30 Punkten.

Den Ogier huet um Enn mat 34 Sekonne Virsprong op säi finnesche Markekolleg Esaekka Lappi gewonnen. Drëtte gouf den Norweeger Andrea Mikkelsen (+ 1:04,5 Minutten) op Hyundai.