No senger 9. Victoire an dëser Saison ka sech de Spuenier fir déi 6. Kéier den Titel sécheren.

Nodeems de Marquez als 3. an d'Course gaange war, war et de jonke Fransous Fabio Quartararo, de laang a Féierung louch. Um Enn konnt sech de Marquez awer d'Victoire sécheren a gouf soumat fir déi 6. Kéier Champion an der Moto GP.

Mat nëmme 26 Joer ass hien och dee jéngste Coureur an der Geschicht, dee sech 6 mol den Titel séchere konnt.
An dëser Saison bleiwen nach 4 Coursen um Programm.

Marc Marquez kréint sech fréizäiteg zum Champion
No senger 9. Victoire an dëser Saison ka sech de Spuenier fir déi 6. Kéier den Titel sécheren.