E Sonndeg war den Optakt vum Rallye Dakar, deen dëst Joer a Saudi-Arabien gefuer gëtt.

Bei den Autoe war déi 1. Etapp no 320km fir de Mini-Pilot Vaidotas Zala aus Litauen.

Bei de Motorrieder féiert nom 1. Dag den Australier Toby Price op KTM.

7'900km gëllt et dëst Joer op 12 Etappen ze iwwerstoen.

Fréi eriwwer war den Dakar 2020 fir den zweefache Gewënner vun de 24h vu Le Mans Romain Dumas, deem säi Gefier direkt op der 1. Etapp verbrannt ass. Souwuel dem Pilot wéi och dem Copilot Alexandre Winocq ass bei dësem Tëschefall näischt geschitt.