Am Porsche Carrera Cup an Däitschland gi mam Dylan Pereira a Carlos Rivas direkt zwee Lëtzebuerger un den Depart. An et sollt och den Dylan Pereira sinn, deen direkt nom Start an der zweeter Kéier de Leon Köhler iwwerholl huet a sech domat vun der 3. op déi 2. Plaz no vir geschafft huet. Den Hollänner Larry ten Voorde konnt seng 1. Plaz beim Start verdeedegen.
Tëschenzäitlech hat de Dylan Pereira 2 Sekonne Réckstand, déi hie lues awer sécher guttmaache konnt. 6 Minutte viru Schluss huet de Lëtzebuerger de Larry ten Voorde dunn no engem flotten Zweekampf op der Start-Zil-Linn iwwerholl. Hien huet direkt e Virsprong erausgefuer a konnt sech als Gewënner vun der zweeter Manche feiere loossen.
De Carlos Rivas ass am Qualifying deen 13. ginn. An der Course huet hien dunn 2 Plaze gutt gemaach a klasséiert sech um Enn op op der 11. Plaz
Verfollegt déi 3. a 4. Manche vum Porsche Carrera Cup um Sachsenring am Livestream op RTL.lu.