9 Courssen, 8 Mol beschten Amateurpilot. De Carlos Rivas huet déi sougenannte Pro-Am-Kategorie am däitsche Carrera Cup dës Saison reegelrecht dominéiert.

Dëse Weekend decidéiert sech, ob den Dylan Pereira Champion am däitsche Porsche Carrera Cup gëtt. Nieft him geet mam Carlos Rivas awer nach e weidere Lëtzebuerger an dëser Meeschterschaft un den Depart. An dee ka ganz entspaant op déi leschte Course fueren, well hie säi grousst Zil fir dës Saison schonn erreecht huet, hien huet d'Wäertung vun den Amateur-Pilote kloer fir sech entscheet.
9 Courssen, 8 Mol beschten Amateurpilot. De Carlos Rivas huet déi sougenannte Pro-Am-Kategorie am däitsche Carrera Cup dës Saison reegelrecht dominéiert. Eng Leeschtung, och wann do nëmme 4 Piloten ageschriwwe sinn.

Am General fënnt een de Carlos Rivas meeschtens ëm Plaz 10 erëm, den Tempo vu Profisportler wéi Pereira oder Ten Voorde kann hien net ganz matgoen. Trotzdeem fillt hie sech an dësem Peloton extrem wuel.

Et ass déi drëtte Saison am Carrera Cup, schonn d'lescht Joer konnt de Carlos Rivas d'Pro-Am-Wäertung gewannen. Donieft ass hien an der Endurance-Meeschterschaft um Nürburgring aktiv. De Geschäftsmann begeeschtert sech fir alles, wat mat Rennsport ze dinn huet. Esou ass den Design vu sengem Cup-911 en Hommage un de Steve McQueen an de legendäre Film "Le Mans".

Spéitstens mat den Erfolleger vum Dylan Pereira interesséiere sech och hei am Land méi Leit fir d'Porsche-Markepokaler. De Carlos Rivas stéiert et net, heiansdo nëmmen "als zweete Lëtzebuerger" titeléiert ze ginn, am Géigendeel, hie freet sech iwwert dës nei Opmierksamkeet.

Dëse Weekend ass et fir béid Lëtzebuerger dee leschten Optrëtt fir dës Saison. Den Dylan Pereira däerf sech kee Feeler erlaben, fir nach Champion ze ginn an de Carlos Rivas wäert sécher probéieren, sech och an den zwou leschte Coursse vun der Saison als beschten "Gentleman Driver" ze klasséieren.