Maverick Vinales steet zu Austin ganz uewen um Podium

© GIGI SOLDANO/Studio Milagro/DPPI via AFP
Hannendru sinn de Pedro Acosta an den Enea Bastianini op d'Plazen 2 an 3 gefuer. De Marc Marquez ass gefall an huet missen opginn.
Beim 3. Grand Prix vun der Saison hunn d'Spectateuren zu Austin an Amerika eng spannend Course gesinn.
D'Victoire konnt sech um Enn de Maverick Vinales sécheren. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Pedro Acosta an den Enea Bastianini. De Leader am General Jorge Martin gouf de Véierten.
Beim Start gouf et eng Rei Changementer well de Vinales vun der éischter op déi 10. Plaz zréckgefall ass. Profitéiert dovun huet den Acosta, dee vun der zweeter op déi éischt Plaz gefuer ass. No 3 Ronnen hat sech awer de Martin vun der 6. Positioun ganz no vir geschafft an de Marc Marquez an de Bagnaia sinn och laanscht den Acosta gefuer.
Et war eng serréiert Course an där an enger éischter Phas déi éischt 8 Pilote ganz enk beienee louchen. Et gouf deemno ganz vill Iwwerhuelmanöveren. An der Hallschent vun der Course louch de Marc Marquez virum Acosta an dem Martin op der 1. Plaz. De Marquez huet awer e Feeler gemaach an no enger Chute missen opginn. An der Suite louch den Acosta op der éischter Positioun an de Vinales war nees op der 2. Plaz ze fannen. De Martin huet sech just nach op der 3. Plaz erëmfonnt.
8 Ronne viru Schluss huet de Vinales d'Féierung iwwerholl a se net méi ofginn. Den Acosta huet seng 2. Plaz ofgeséchert. De Martin huet misse mam Enea Bastianini ëm déi 3. Positioun kämpfen. Den Italieener ass nach laanscht gefuer a konnt sech iwwert eng Plaz um Podium freeën.
De Sergio Garcia huet an der Moto2 säin éischten Erfolleg vun der Saison gefeiert an och d'Féierung am General iwwerholl. Den Joe Roberts ass als Zweeten iwwer d'Arrivée gefuer. De Fermin Aldeguer gouf den Drëtten.
An der Moto3 gouf et eng Victoire vum David Alonso. Hie louch vun Ufank bis zum Schluss op der éischter Positioun. De Podium gouf vum Daniel Holgado an dem Angel Piqueras komplettéiert.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Vinales Aprilia Aprilia 41:09.503
2 P. Acosta Tech3 KTM +1.728
3 E. Bastianini Ducati Lenovo Team Ducati +2.703
4 J. Martin SPA Prima Pramac Racing Ducati +4.690
5 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team Ducati +7.392
Déi ganz Course kënnt Dir hei am Replay fannen.
Moto2
1 S. Garcia MT Helmets - MSI 34'25.954
2 J. Roberts OnlyFans American Racing Team +0.492
3 F. Aldeguer Beta Tools - Speed Up Racing +3.293
4 A. Lopez Beta Tools - Speed Up Racing +6.967
5 M. Ramírez OnlyFans American Racing Team +7.102
Déi ganz Course kënnt Dir hei am Replay fannen.
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Valresa Aspar Team 31'38.427
2 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech +5.163
3 Á. Piqueras Leopard Racing +5.176
4 R. Yamanaka MT Helmets - MSI +5.676
5 D. Munoz BOE Motorsports +13.285
Déi ganz Course kënnt Dir hei am Replay fannen.
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 80
2 Enea Bastianini 59
3 Maverick Vinales 56
4 Pedro Acosta 54
5 Francesco Bagnaia 50
Moto2
1 Sergio Garcia 51
2 Joe Roberts 49
3 Alonso Lopez 38
4 Aron Canet 38
5 Ai Ogura 33
Moto3
1 Daniel Holgado 65
2 David Alonso 63
3 Joel Kelso 28
4 Ivan Ortola 23
5 Tatsuki Suzuki 22