
De Grousse Präis vu Katalounien war eng verréckt Course, déi insgesamt dräi Mol gestart gouf. Um Enn duerft sech de Fabio Di Giannantonio iwwer seng éischt Victoire an dëser Saison freeën. Hannert him koumen de Joan Mir an de Fermin Aldeguer op de Podium. De Pedro Acosta, deen d'Course nom Restart laang ugeféiert hat, huet seng véiert Plaz bei der Sortie an der leschter Kéier ewechgeheit.
D'Course um Circuit de Catalunya gouf eng éischt Kéier no 12 Ronne gestoppt, well et e schwéieren Accident ginn hat, an deen den Alex Marquez verwéckelt war. No der Kéier 10 hat den Acosta wuel en technesche Problem a krut keng Vitess drop, wéi de Marquez versicht huet, laanschtzezéien. De Marquez huet de KTM-Pilot dobäi touchéiert an huet sech iwwerschloen. De Spuenier blouf nieft der Pist leien, war awer uspriechbar a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Wärend der knapp 40 Minutte laanger Ënnerbriechung huet KTM op eng Rei technesch Problemer reagéiert. De Brad Binder huet mussen aus der Boxegaass starten, de Bastianini huet säi Moto mussen ofstellen an dann den Energieverloscht beim Acosta, deen zum Accident geféiert huet.
Beim Restart gouf et nees Sortië vum Bagnaia, Marini an Zarco, wat nees e Roude Fändel als Konsequenz hat. De Johann Zarco huet och musse mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht ginn.
Entgéint dem Reegelbuch gouf et en drëtte Start vun der Course. An deenen 12 Ronne louch den Acosta laang un der Spëtzt, krut vun hannen awer ëmmer méi Drock vum Di Giannantonio a musst seng éischt Plaz e puer Ronne viru Schluss hierginn. An der leschter Kéier huet hi seng Maschinn an de Kräsi gejummt an domat war e pasabelt Resultat dohin.
An der Moto2 huet de Manuel Gonzalez d'Course dominéiert a kloer virum Celestion Vietti an dem Izan Guevara gewonnen. An der Moto3 war et dogéint méi spannend. De Gewënner Maximo Quiles an de Fënneften David Almansa hu just fënnef Zéngtel getrennt.
*Den Ogura gouf nodréiglech mat 3 Sekonne bestrooft a koum just op déi 9. Plaz. Bagnaia neie Véierten, virum Bezzecchi.
1 Fabio Di Giannantonio 20:06,240
2 Joan Mir +1,250
3 Fermin Aldeguer +1,466
4 Ai Ogura +2,377*
5 Francesco Bagnaia +4,320
1 M Gonzalez 36:06,295
2 C Vietti +0,203
3 I Guevara +4,205
4 I Ortola +6,338
5 D Holgado +7,971
1 M Quiles 32:28,964
2 A Carpe +0,094
3 D Munoz +0,098
4 B Uriarte +0,128
5 D Almansa +0,552
1 Marco Bezzecchi 140
2 Joan Martin 127
3 Fabio Di Giannantonio 116
4 Pedro Acosta 92
5 Ai Ogura 76
1 M Gonzalez 104,5
2 I Guevara 86
3 C Vietti 73
4 S Agius 65
5 D Alonso 58
1 M Quiles 140
2 A Fernandez 76
3 A Carpe 73
4 M Morelli 58
5 Veda Pratama 58