
An der Course um Samschdegmëtteg ass den Chester Kieffer vun der 9. Startplaz an d'Course gaangen. Direkt nom Depart koum et awer schonn an der éischter Kéier zu enger Beréierung. Doduerch huet dem Lëtzebuerger d'Traktioun gefeelt, fir aus der Source eraus a Richtung Eau Rouge a Raidillon optimal ze beschleunegen. E Feeler, deen direkt zwou Positioune kascht huet.
De bal siwe Kilometer laange Circuit vu Spa-Francorchamps bitt awer eng Rei Iwwerhuelméiglechkeeten, an déi huet de Pilot vu Schumacher CLRT konsequent genotzt. Den Chester Kieffer konnt sech no vir kämpfen a seng verluere Positioune séier nees zeréckhuelen. Um Enn ass de Lëtzebuerger op der 8. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer an huet dobäi d'Rookie-Klassement gewonnen.
Un der Spëtzt war géint säin Teamkolleeg Flynt Schuring awer kee Kraut gewuess. Den Hollänner huet d'Konkurrenz dominéiert a mat enger Avance vun 8 Sekonnen op den Däitschen Theo Oeverhaus gewonnen. Drëtte gouf de Brasilianer Matheus Ferreira.
Bei der leschter Course vum Weekend huet d'Wieder an den Ardennen nees zougeschloen. Kuerz virum Start vun der zweeter Manche hu missen Reepneuen montéiert ginn, an domat war et spannend, ze gesinn, wéi den Depart ënnert dëse schwierege Konditioune géif verlafen. Dee war awer manner turbulent, wéi ufanks gefaart.
Den Chester Kieffer, dee vun der 6. Startplaz an d'Course gaangen war, huet op der naasser Streck eng staark Leeschtung gewisen. Tour fir Tour konnt de Pilot vu Schumacher CLRT sech no vir schaffen an Autoen iwwerhuelen, fir um Enn als staarke Véierten an als beschte Rookie iwwer d'Arrivée ze fueren.
Säin Teamkolleeg Flynt Schuring huet och déi zweet Course zu Spa-Francorchamps gewonnen. Den Hollänner huet domat seng drëtt Victoire hannereneen am Porsche Carrera Cup Däitschland virun deenen zwee Däitschen Piloten Theo Oeverhaus an dem Alexander Tauscher gefeiert.
Am Rookie-Klassement ass den Chester Kieffer no dësem Weekend mat 100 Punkten neie Leader mat enger Avance vun 9 Punkten op de Montego Maassen aus Däitschland.
Fir den Lëtzebuerger geet et schonn den nächste Weekend zu Zandvoort weider, éier dann den Highlight mam Optakt vum Porsche Supercup zu Monaco um Programm steet.