International Motorshow weist seele Schätz a krass Ëmbauten
De Formel-1-Won vum Max Verstappen, de BMW vum Valentino Rossi oder déi alleréischt Porsche 356.
De ganze Weekend kréien d'Fans vu Autoen a Motorrieder eppes an der LuxExpo gebueden. Se gehéiert zu de feste Rendez-vousen zu Lëtzebuerg: D‘international Motorshow um Kierchbierg. No engem Joer Paus wéinst dem Salon “Expogast“ d‘lescht d‘Joer läit de Fokus fir dës Editioun um “Racing“. Rar kënnt een den Autoen esou no ewéi bei der Motorshow zu Lëtzebuerg. Um Stand vum Circuit Spa-Francorchamps gëtt et fir d‘Formel 1-Fans de Red Bull-Bolid vum Max Verstappen vun 2012 ze bestaunen. Haut 3-dräiffache Champion vun der Kinneksklass. De Stijn De Boever, Directeur commercial vum Spa Grand Prix weist sech begeeschtert vun der Expo zu Lëtzebuerg: „Dat ass den Avantage vun dësem Salon. Et ass d‘Chance, d‘Autoe vu ganz ganz no ze gesinn. D‘Spectateure kënne Fotoe vu ganz no huelen. Den Auto souguer upaken. Net grad dra setzen, mee et kënnt ee ganz no drun.“
E bësse méi séier war de Valentino Rossi. 89 Victoirë goufen et op der Streck wärend der MotoGP-Karriär. Am Juni war et da seng alleréischt op 4 Rieder an der GT3-Klass zu LeMans mat sengem BMW M4 GT3. Nächst Zil d‘24 Stonne vu LeMans. Do virdrun: Tëschestopp an der LuxExpo.
Fir den néidege Geroch u verbranntem Gummi suergt dann de Rohan Van Riel. E professionelle Drifting-Expert. Hie fiert zanter 2012 fir Falken-Motorsport bei weltwäiten Evenementer. „Zanter datt ech e Kand sinn, driften ech scho mam Caddie duerch den Akafszenter. Jo, dat ass esou. Dat ass meng Passioun. Ech kann dat. Dat klappt.“
De BMW M6 E63 mat 600 Päerd a komplett ëmgebaut, léisst net lappen. Bei de Fia Motorsport Games d‘lescht Joer konnt de Lëtzebuerger mat deene beschte mathalen: „D‘lescht Joer, wou alleguer déi bescht Chauffere vun der Welt do waren, do hunn ech e Mëttelfeld gemaach als klenge Lëtzebuerger. Mam klengste Auto, mam schwéiersten Auto. Ech hat 600 Päerd. D‘Konkurrenz tëscht 800 an 1.200. Hir Autoe waren och méi liicht.
Nach bis e Sonnden Owend ginn d‘Motoren hannert der LuxExpo jäize gelooss.