De Kalle Rovanperä zitt e Schlussstréch ënnert seng Rallyekarriär

© Nikos Katikis / DPPI via AFP
Um Donneschdeg huet Toyota Gazoo Racing matgedeelt, dass den zweefache Rallyeweltmeeschter Kalle Rovanperä an de Formelsport wiesselt.
Nach ass de Kalle Rovanperä mat sengem Copilot Jonne Halttunen an der Course, fir eng weider Kéier Rallyeweltmeeschter ze ginn. Et bleiwen nach dräi Rallyen dës Saison ze fueren, dëst an Zentraleuropa, Japan a Saudi-Arabien.
Am Joer 2021 konnt de Rovenperä beim WM-Laf an Estland seng éischt Victoire an der WRC feieren a war domadder de jéngste Gewënner, dat am Alter vun 20 Joer.
Den 2. Oktober 2022 ass hie just een Dag no sengem 22. Gebuertsdag de jéngste Rallye-Weltmeeschter ginn. En huet de Rekord vum Colin McRae ëm direkt 5 Joer gebrach. Dat Joer drop konnt hie säin Titel verdeedegen.
2024 ass hie just bei 7 Rallyen ugetrueden, konnt dobäi awer 4 Mol gewannen. Hie wollt dat Joer notzen, fir och aner Sportaarten, respektiv Disziplinnen z'entdecken. Ënnert anerem war hien do am Driftsport an um Circuit ënnerwee.
Dësen 9. Oktober 2025 koum dunn de Pressecommuniqué vun Toyota Gazoo Racing, dass de Kalle Rovanperä decidéiert huet, déi nächst Saison am "Japanese Super Formula Championship" unzetrieden, dat mat der Ënnerstëtzung vun Toyota. Deemno ass no dëser Saison virleefeg Schluss mat der Rallyekarriär vum jonke Finn.
Et wier keng einfach Decisioun gewiescht, seet de Rovanperä. Hien hätt ëmmer dovunner gedreemt, an der Kinneksklass vum Rallyesport kënnen ze fueren, e WM-Laf ze gewannen, an iergendwa Rallye-Weltmeeschter ze ginn. Dass him dat alles sou fréi a senger Karriär gelongen ass, gëtt him elo d'Geleeënheet, nach weider Erausfuerderungen ze sichen. Hie seet all senge Supporter Merci fir déi enorm Ënnerstëtzung iwwert all déi Joren. Elo géif hien op den dräi leschte Rallyë vum Joer nach emol alles ginn, fir eng drëtte Kéier Rallye-Weltmeeschter ze ginn.
Wat ass d'Japanese Super Formula Championship?
Organiséiert vun der Japan Automobile Federation gëllt d'Japanese Super Formula Championship als héchste Kategorie vum Formelsport an Asien. Gefuer gëtt op Strecke wéi Suzuka oder Fuji Speedway. D'Autoe baséieren op engem Dallara SF23-Chassis mat 2 Liter Turbo-Véierzylindermotore vun Honda an Toyota.

© Masanori Inagaki / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP
Eng Partie Piloten, déi an der Japanese Super Formula Championship gefuer sinn, sinn duerno och an der Formel 1 gelant, wéi zum Beispill de Yuki Tsunoda, de Liam Lawson, de Kamui Kobayashi, de Pierre Gasly oder de Stoffel Vandoorne, fir just déi ze nennen.
Et dierf een also gespaant sinn, wéi de Kalle Rovanperä sech do schloe wäert... a wie weess, vläicht gesi mer hien an den nächste Jore souguer an der Formel 1.