Alex Marquez gewënnt de Sprint
Den Alex Marquez gewënnt zu Sepang säin 2. Sprint an hannendrun ass et ee spannenden Duell ëm d'WM.
Wärend am fräien Training KTM, Aprilia an och Yamaha konnte mathalen, war am Qualifying just nach Ducati ze gesinn. An der éischter Startrei stinn aktuell Diesmosedici an hannendru kommen dann 3 Ducatien vun 2022 mat dem Alex Marquez, Luca Marini an dem Drëtten an der WM Marco Bezzecchi. Best of the rest ass de Brad Binder mat senger KTM op der 7, ma d'Iwwerraschung vum Qualifying ass de Wierkspilot Enea Bastianini op der 3. Mat sengen 2 Verletzunge war hien nom Saisonsoptakt ni méi an den éischten 3 Startreien. Spannend ass awer virun allem den Duell em den Titel.
De Jorge Martin war nees ganz séier ënnerwee, ma fält a senger leschter séierer Ronn a der 4. Kéier. Just ëm Honnertstel-Sekonnen hëlt him da kuerz drop de Francesco Bagnaia de Ronnerekord an d'Pole of.
Beim Sprint klappt dës Kéier beim Jorge Martin de Start net esou gutt an och nach den Alex Marquez dréckt sech an der éischter Kéier laanscht. Mat engem staarke Start fiert ee Jack Miller vun der 10. Startplaz direkt an de Kampf ëm Top 5, déi éischt 9 léie ganz no beieneen, ma et ass de Kampf ëm de Podium an d'Weltmeeschterschaft, déi all Opmierksamkeet hëlt.
Den Enea Bastianini fält fréi op d'4 an duerno op d'6 zeréck, de Jorge Martin fiert no engem mësslongenen Iwwerhuelversuch vum staarken Alex Marquez op de Leader Bagnaia op d'Zwee, ma kuerz drop hëlt de Gresini-Fuerer sech am enken Duell déi Plaz zeréck. Sechs Ronne viru Schluss geet hien, a kuerz drop och de Jorge Martin, laanscht de Weltmeeschter. Déi lescht Ronne kann de Francesco Bagnaia den Tempo net méi ganz matgoen an hien huet Chance, datt säin Teamkolleeg op der Wierksducati hien no hanne géint de Brad Binder ofséchert. Deen, an de Jack Miller op der 6 och op KTM, sinn déi eenzeg net op Ducati an de Punkten.
Virun de leschte 5 Courssen (dovunner 2 am Sprint) a maximal nach 99 Punkten huet den amtéierende Weltmeeschter elo just nach 11 Punkte Virsprong op de Jorge Martin. Dogéint huet de Marco Bezzecchi no senger 7. Platz mat 83 Punkte Réckstand just nach theoretesch Chancen.
Qualifying vun der Moto2
Direkt um Ufank vum Qualifying setzt de Fermin Aldeguer een Ausruffzeechen a fiert mat enger däitlecher hallwer Sekonn Virsprong op seng drëtte Pole hannerteneen. Och wann de Celestino Vietti zum Schluss an der véierter Kéier fält, steet hien an de Manuel Gonzalez an der éischter Startrei. Wëll och de Véierten Aron Canet nach ënner Giel an der selwechter 4. Kéier fält, kéint hien nach eng Strof kréien. De Pedro Acosta start bei sengem zweete Matchball vun der 6 an den Tony Arbolino muss séier vun der 7 laanscht an him 14 Punkten ofhuelen, fir de virzäitegen Titelgewënn nach ze verhënneren.
Qualifying vun der Moto3
An der Moto3 ass et eng Demonstratioun vum Jaume Masia bei senger 6. Pole vun der Saison a neiem Streckerekord. Spéit fiert hien eraus, ass op senger eenzeger fléiender Ronn bal eng Sekonn méi séier wéi d'Konkurrenz an 3 Zéngtelssekonne méi séier wéi dem Daniel Holgado säi vum Moien. De WM-Drëtte fält dogéint a kënnt esou net iwwert eng 15 Startplaz eraus. Nach schlëmmer hat et de punktgläichen David Alonso erwëscht, deen am Q1 gefall war an domadder op der 21 Startplaz hänkt. Eenzeg de WM-Zweeten Ayumu Sasaki ass mat senge 17 Punkte Réckstand als 5. och nach vir mat dobäi.
D'Resultat vum Sprint
1 Alex Marquez Gresini Ducati 19:58.713
2 Jorge Martin Prima Pramac +1.589
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +3.034
4 Enea Bastianini Ducati Lenovo +3.242
5 Brad Binder Red Bull KTM +3.310
De Qualifying
MotoGP
1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1:57.491
2 Jorge Martin Prima Pramac +0.058
3 Enea Bastianini +0.099
4 Alex Marquez Gresini Ducati +0.170
5 Luca Marini Mooney VR46 +0.296
6 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +0.314
Moto2
1 Fermin Aldeguer Beta Tools SpeedUp 2:05.288
2 Celestino Vietti Fantic Racing +0.502
3 Manuel Gonzalez Correos Prepago +0.527
Moto3
1 Jaume Masia Leopard Racing 2:10.846
2 Collin Veijer Liqui Moly Husqvarna +0.906
3 Matteo Bertelle Rivacold Snipers +0.932