Bastianini wënnt, Bagnaia klappt Martin

De Gewënner Enea Bastianini / © AFP
An der Moto2 ass iwwerdeems d'Decisioun ëm den Titel gefall. De Pedro Acosta dierf feieren an huet sech och an d'Geschichtsbicher agedroen.
Den Enea Bastianini huet an der MotoGP de Grousse Präis vu Malaysia gewonnen. Fir hien ass et déi éischt Victoire als Ducati-Wierkspilot. Den Italieener, deem seng MotoGP-Saison bis ewell vun zwou schwéiere Blessure gepräägt war, huet zu Sepang souverän virum Alex Marquez an dem Francesco Bagnaia gewonnen. Hannert dem WM-Leader Bagnaia ass säi grousse Rival ëm den Titel Jorge Martin op déi véierte Plaz gefuer.
Virun den zwee leschte Course-Weekender läit de Bagnaia am General 14 Punkte virum Martin. De Marco Bezzecchi huet als Drëtte mat engem Réckstand vun 89 Punkte keng Chance méi op den Titel.
Um RTL Play fannt Dir d'Courssen am Replay.
An der Moto2 ass um Sonndeg d'Decisioun ëm de WM-Titel gefall. Dem Pedro Acosta ass a Malaysia eng zweet Plaz duergaangen, fir sech fréizäiteg den Titel ze sécheren. Mat 19 Joer an 172 Deeg ass de KTM-Pilot de jéngste Moto2-Weltmeeschter vun allen Zäiten. Hien huet domadder de Marc Marquez aus dem Joer 2012 ofgeléist, hie war deemools knapp zwee Méint méi al.
D'Course a Malaysia gouf iwwerdeems vum Fermin Aldeguer iwwerleeë gewonnen. D'Plazen zwee an dräi ware fir den Acosta an de Marco Ramirez.
Richteg spannend war d'Course an der Moto3. De Collin Veijer huet sech am Dräikampf an der leschter Ronn virum Ayumu Sasaki an dem Jaume Masia duerchgesat. Hei ass zwou Coursse viru Schluss nach keng Decisioun ëm den Titel gefall. De Masia huet seng Féierung a Malaysia verdeedegt, ma läit nëmmen nach 13 Punkte virum Sasaki.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 E. Bastianini Ducati Ducati
2 A. Marquez Gresini Ducati +1.535
3 F. Bagnaia Ducati Ducati +3.562
Moto2
1 F. Aldeguer Boscoscuro
2 P. Acosta Kalex +7.128
3 M. Ramirez Kalex +9.558
Moto3
1 C. Veijer Husqvarna
2 A. Sasaki Husqvarna +0.066
3 J. Masia Honda +0.328
De General
MotoGP
1. Francesco Bagnaia 412
2. Jorge Martin 398
3. Marco Bezzecchi 323
Moto2
1. Pedro Acosta 320.5
2. Tony Arbolino 243.5
3. Jake Dixon 183
Moto3
1. Jaume Masia 246
2. Ayumu Sasaki 233
3. David Alonso 205