41 Joer no der leschter Course an der Stad vun der Sënn ass d'Formel 1 nees zu Las Vegas.

Grousse Kino zu Las Vegas / Reportage Franky Hippert

Bei der Premiere um 6,2 Kilometer laangen Stad-Circuit mat der impressionanter Gerueder, de legendäre Strip erof, hunn awer souwuel d'Pilote wéi och d'Ingenieuren eng Rei Erausfuerderungen, ma um Freideg de Moie koum nach eng fir déi Responsabel vun der Streck dobäi. Den éischte fräien Training war knapps 9 Minutten al, op eemol huet de Carlos Sainz en haarde Coup mat sengem Ferrari gespuert. En Deckel vum Drainage an der Strooss hat sech geléist, dozou den RTL Formel 1-Expert Dominique Rieftstahl:

"Déi Kanaldeckelen, datt ass eng heikel Affär. Déi sinn normalerweis a Bëtong ageschweesst, an dësem Fall huet et geheescht, dee wär mat erausgerappt ginn. D’Formel 1 sicht elo eng Léisung a muss dann un deenen 150 Kanaldeckelen applizéiert ginn."

Den Teamchef vu Ferrari Fréderic Vasseur war guer net frou, an huet gesot, datt dat inacceptabel wier. Et ass déi éischte Kéier, datt op där doter Streck gefuer gëtt. Do stellt sech natierlech d'Fro, wéi d'Ecurien do un Donnéeë kommen, fir d'Piloten an den Auto ze preparéieren:

"Am Virfeld kréien d’Ecurien eng Kaart vun der Streck, dat ass eng Zeechnung, inklusiv vun der drëtter Dimensioun. D’Ecurien digitaliséieren dat, an da loossen se d’Programmer léieren, wat d’Ideallinn ass."

D'Streck an der Stad vun der Sënn ass also nei an eenzegaarteg. Dobäi kënnt awer elo och nach, datt all d'Seancen Owes spéit zu Las Vegas sinn an do beweege sech d'Temperaturen ëm déi 10 Grad:

"Déi laang riicht Streck mat de kalen Temperaturen mécht dem Auto u sech näischt aus...et sief dann, et kuckt een dat aus der Siicht vum Pneu. Wann et ze kal gëtt, kann dëse Graining entwéckelen ... dat ass verbonne mat engem grousse Verloscht u Grip an enger méi séierer Ofnotzung, dat kéint séier aus engem 1 Stopp en 3 Stopp maachen."

D'Generalprouf am éischte Fräien Training ass jo emol fir déi grouss Formel 1 Show net esou gegléckt, am Showbusiness ass dat fir eng Premiere jo da meeschtens e gutt Zeechen.

Den drëtte fräien Training ass e Samschdeg nees um 5.30 Auer a gëtt vum Tom Hoffmann op RTL.lu an op RTL.play kommentéiert. D'Qualifikatioun um Samschdeg um 9 Auer, an de Grand Prix e Sonndeg, mam Virprogramm vu 6.30 Auer un, ass dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee.