Charles Leclerc séchert sech Pole zu Las Vegas

© AFP
De Leclerc war méi séier wéi de Carlos Sainz an de Max Verstappen. Williams huet am Qualifying positiv iwwerrascht. Hamilton a Perez koumen net an de Q3.
Bei der Première vun der Formel 1 zu Las Vegas ass de Charles Leclerc déi séierst Zäit gefuer an huet säin Teamkolleeg Carlos Sainz an de Weltmeeschter Max Verstappen hannert sech gelooss. Fir de Monegass war et déi 23. Pole Position a senger Karriär.
De Carlos Sainz ass zwar déi zweetbescht Zäit gefuer, gëtt awer 10 Plazen no hanne gesat, well hien nom Incident am éischte Fräien Training ë.a. eng nei Batterie huet mussen agesat kréien, wat géint d'Reglementer verstéisst.
Duerch d'Bestrofung vum Sainz réckelt de Verstappen op Plaz 2 an der Startopstellung, den George Russell geet vu Plaz 3 an déi zweetlescht Course vun der Saison. De Pierre Gasly op Alpine komplettéiert déi zweet Startrei.
Williams huet e staarke Qualifying gewisen a geet mat senge Piloten Alexander Albon a Logan Sargeant vun de Plaze 5 an 6 an d'Course. Et ass déi éischt Kéier zënter Zandvoort 2023, dass Williams mat zwee Autoen an de Q3 komm ass.
De Lewis Hamilton an de Sergio Pérez hu sech am zweete Qualifying verspekuléiert a goufe fréizäiteg eliminéiert, genee wéi de Lance Stroll op Aston Martin. Béid McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri sinn net iwwer de Q1 erauskomm a gi vu Plaz 16 resp. 19 an d'Course.
An den 80er-Jore war d'Formel 1 schonn eng Kéier an der Mojave-Wüüst zu Gaascht, deemools gouf awer net iwwer de Las Vegas Strip, mee just op engem ofgeschiermte Parking gefuer.
D'Course ass fir e Sonndeg um 7 Auer moies ugesat. Dir kënnt d'Première vum Las Vegas Grand Prix ab 6.30 Auer op RTL ZWEE, RTL.lu an op RTL Play suivéieren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.