Fabio Di Giannantonio wënnt am Qatar

© Karim Jaafar/AFP
Nieft dem Italieener stoungen de Francesco Bagnaia an de Luca Marini um Podium. An der Moto3 ass de Jaume Masia Weltmeeschter ginn.
Virun der leschter Course, déi nächst Woch zu Valencia gefuer gëtt, huet de Francesco Bagnaia eng Avance vun 21 Punkten op de Jorge Martin. Den Italieener huet de Weltmeeschtertitel an der eegener Hand an am Qatar seng Avance e gutt Stéck ausgebaut.
De Bagnaia ass beim Start vun der 4. op déi 1. Plaz no vir gefuer a war laang virum Fabio di Giannantonio. Deen huet 4 Ronne viru Schluss de Bagnaia iwwerholl an ass als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Et war seng 1. Victoire am MotoGP. De Bagnaia wollt nach emol reagéieren, huet awer no engem Feeler missen oppassen, net op déi 3. Plaz ze falen. Um Enn huet sech de Bagnaia déi 2. Plaz virum Luca Marini geséchert. Hannendrun hu sech de Maverick Vinales an de Brad Binder klasséiert.
Dem Bagnaia säi Konkurrent ëm de Weltmeeschtertitel Jorge Martin huet beim Start iwwerdeems alles falsch gemaach an ass op déi 8. Plaz zréckgefall. Hien huet dono awer probéiert opzehuelen, ass awer nach weider zréckgefall. Hien ass als 10. iwwer d'Arrivée gefuer.
De Fermin Aldeguer huet am Qatar déi 3. Course hannertenee am Moto2 gewonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Manuel Gonzalez an den Aron Canet gefuer.
An der Moto3 heescht de Weltmeeschter 2023 Jaume Masia. Den Honda-Pilot, dee fir d'Leopard-Ekipp vum Flavio Becca fiert, huet sech an enger spannender Course virum David Alonso (GasGas) an dem Deniz Öncü (KTM) duerchgesat.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
D'Resultater gi nogereecht.
Moto2
1 F. Aldeguer Boscoscuro 35:32.117
2 M. Gonzalez Kalex +2.643
3 A. Canet Kalex +2.652
4 A. Ogura Kalex +4.585
5 J. Dixon Kalex +4.645
Moto3
1 J. Masia Honda 33:50.694
2 D. Alonso GasGas +0.068
3 D. Öncü KTM +0.163
4 R. Rossi Honda +0.285
5 V. Perez KTM +1.553
De General
MotoGP
D'Resultater gi nogereecht.
Moto2
1 Pedro Acosta 328.5
2 Tony Arbolino 249.5
3 Jake Dixon 194
4 Fermin Aldeguer 187
5 Aron Canet 175
Moto3
1 Jaume Masia 271
2 Ayumu Sasaki 243
3 David Alonso 225
4 Daniel Holgado 212
5 Deniz Öncü 212