De Grégoire Munster fiert déi nächst komplett Saison am Ford Puma Rally1

© AFP
Nodeems de Grégoire Munster 2023 schonn zwee Rallyen um Ford Puma Rally1 an der Rallye-Weltmeeschterschaft gefuer ass, gëtt et 2024 elo richteg eescht.
Et ass wuel de schéinste Chrëschtdagskaddo, deen de Grégoire Munster an de Louis Louka sech virstelle konnten. Den offizielle Communiqué ass zwar nach net eraus, ma aus gutt informéierte Quelle krut RTL matgedeelt, dass de Lëtzebuerger-Belschen Duo déi nächst Saison fir M-Sport ëm Punkten an der Rallye-WM fiert, an dat net an der WRC2, ma an der Kinneksklass mam Ford Puma Rally1!
Als zweet Team fiert den Duo Adrien Fourmaux an Alex Coria an de Faarwe vum brittesche Rennstall M-Sport.
De Fourmaux ass scho laang bei M-Sport an ass 2021 an 2022 schonn am Wierksteam gefuer, deemools nach um Ford Fiesta WRC an 2022 dunn um Puma. 2023 du war keng Plaz méi fir hien am WRC-Team an en ass mam Ford Fiesta Rally2 an der WRC2 gefuer, grad ewéi am brittesche Championnat. A Groussbritannien konnt hie mam Alex Coria dann och de Championstitel feieren. Als Belounung huet en duerfen de leschte Rallye vun der WM um Ford Puma Rally1 fueren. Leider ass en a Japan awer no engem Accident ausgefall. Seng Resultater iwwert déi ganz Saison hunn den Team-Chef Richard Millener awer iwwerzeegt, him eng nei Chance ze ginn.
Fir de Grégoire Munster, dee souwuel déi Lëtzebuerger, wéi och déi belsch Nationalitéit huet, ass et an de leschte Jore steil biergop gaangen a senger Karriär... vläicht souguer méi séier, wéi hie sech et erdreemt hat. Zwee Titelen am belsche Junior-Championnat, duerno eng Partie Top5-Resultater an der WRC2. En Ausrufezeechen hat en 2022 gesat, wéi e mam Hyundai i20 Rally2 a Japan d'WRC2-Kategorie konnt gewannen, wat vill Opmierksamkeet mat sech bruecht hat.
Duerno koum eng kuerz Wanterpaus an 2023 huet e sech dunn am engem Ford Fiesta Rally2 erëmfonnt, fir an der WRC2-Kategorie ëm de Weltmeeschtertitel ze fueren, dat fir M-Sport. Iwwert d'Saison hat en e puer ganz gutt Resultater a konnt sech kontinuéierlech verbesseren.
Säin Talent ass och vum Jourdan Serderidis erkannt ginn... e Geschäftsmann, dee jorelaang als Gentleman driver an der Rallye-WM gefuer ass, a selwer och e Ford Puma Rally1 a sengem Besëtz huet. Nodeems de Serderidis ugekënnegt huet, sech aus der héchster Kategorie vum Rallyesport zeréckzezéien, huet en dem Grégoire Munster d'Dier opgemaach, fir de Ford Puma Rally1 kënnen op WM-Niveau ze testen.

© AFP
En éischten Asaz gouf et bei der Rally Chile, wou den Duo Munster/Louka eng ganz staark Leeschtung gewisen huet. E Feeler op der 12. Special huet se leider am General zeréckgeheit, soss wier um Enn Plaz 7 am General méiglech gewiescht. Ma si sollten nach eng Geleeënheet kréien, sech mat der Welt-Elite ze moossen, dat beim Central European Rally, op Asphalt. Direkt op der 1. Special war et hei eng 5.-bescht Zäit... an et sollt net bei just enger gudder Special bleiwen. Si sinn e super Rallye gefuer an op der 11. Special war et souguer déi 4.-séierst Zäit. Mat konstant séieren Zäite war et um Enn Plaz 7 am General an domat och Punkte fir d'Rallye-WM.

© AFP
Beim leschte Rallye vun der Saison ass et nees zeréck an de Ford Fiesta Rally2 gaangen. Hei huet de Munster sech e spannenden Duell mam Norweger Andreas Mikkelsen (Skoda Fabia Rally2) geliwwert, deen nawell net schlecht gestaunt huet iwwert d'Vitess vum Lëtzebuerger. Béid hunn ëm d'Victoire an der WRC2 gekämpft... mat dem besseren Enn fir den Norweger, dee sech duerno de Weltmeeschtertitel an der WRC2 op de Fändel schreiwe konnt. De Mikkelsen huet iwwerdeems och duerno e Kontrakt bei Hyundai kritt fir d'Saison 2024 am Hyundai i20 Rally1.
An engem Rally1 gesi mer dann och de Grégoire Munster déi nächst komplett Saison! Lass geet et et eng Januar beim Rallye Monte Carlo.
Déi offiziell Team-Virstellung ass fir Mëtt Januar bei der Autosport International Show zu Birmingham virgesinn, wou een dann den neie Ford Puma Rally1 a sengem neien Design dierft a Realitéit gesinn.