Mam Pre-Race Practice dëse Weekend zu Daytona ass dem Gil Linster säi groussen Dram schonn deelweis an Erfëllung gaangen.

Den 12. an 13. Januar war zu Daytona am Bundesstaat Florida op der berüümter Nascar-Rennstreck eng fräi Trainingssitzung vun der Arca Menard‘s Series, eng vun den Top Nascar Serien nieft der Nascar Cup Series an der Xfinity Series. Hei geet et fir d’Teams drëms, hir Autoen op déi nei Saison virzebereeden an anzefueren. Bei dëser Geleeënheet kruten awer och eng Partie nei Piloten, déi nach net an esou engem Auto gesiess hunn, d’Chance, e 450 PS staarken Nascar-Bolid ze testen. Dësen Test gëtt de 40 séierste Piloten awer och d’Chance, wa se dann de Budget opbréngen, fir de 17. Februar beim Optakt vun der Nascar-Saison um Daytona 200 deelzehuelen.

Mat dobäi dëst Joer war de Gil Linster, den éischten an eenzege Lëtzebuerger Autorennfuerer dee jee an enger Nascar Serie gefuer ass. Souguer déi amerikanesch Press war vum Lëtzebuerger Exot beandrockt an huet gefrot wat hien an d’Nascar bréngt. „Mäi gréisste Wonsch wär et emol zu Daytona ze fueren“, huet de Lëtzebuerger nach virun e puer Joer gesot. An elo ass den Dram schonn deelweis an Erfëllung gaangen. Virun engem Joer ass de Linster schonn an den USA bei enger Course vun der Xfinity Series zu New Smyrna, Florida ugetrueden an säin deemolege „Spotter“, (dat ass dee Mann den di ganz Action wärend enger Course vun der Tribün aus analyséiert an dann dem Fuerer respektiv dem Team wichteg Infoe gëtt) den Tony Blanchard huet dem Gil Linster seng Leeschtungen iwwer d‘Saison 2023 verfollegt. Duerch seng gutt Relatioun mam Bill Kimmel huet den Tony gemengt dat de Lëtzebuerger eng Chance verdéingt hätt zu Daytona ze testen an huet hie beim Kimmel Racing Team an d’Gespréich bruecht. Béid Parteie sinn sech eens ginn dat de Gil Linster beim Test zu Daytona duerf deelhuelen.

Um Freiden huet et bal de ganzen Dag gereent sou dat net vill gefuer gouf. Géint der Owend awer duerften e puer Ronne gedréint ginn an de roude Ford Fusion mat der Nummer 68, mam Gil Linster hanner dem Steier, konnt 5 Ronnen um 2,5 Meile laange Super Speedway zu Daytona dréinen. Um Enn war de Lëtzebuerger den 33. vun 52 Piloten. "Et ass eng mega Erfarung fir mech, hei op dëser Streck ze fueren", sot de Gil Linster ganz emotional. Säin Teamchef, de Bill Kimmel sot, et wär eng aussergewéinlech Chance zu Daytona bei Flutliicht an engem Nascar-Auto ze fueren, wat ganz rar ass.

Um Samschde war et dréchen an de Gil konnt eng ganz Partie Ronnen dréinen. "Et ass am Fong net schwiereg, mat knapp 300 km/h iwwer den Oval ze fueren", sot een zefriddene Lëtzebuerger, dem awer zwou Saachen extrem opgefall sinn. "Wann ee mat esou enger Vitesse an dee „Banking“, also an d‘Steilwand no dem Turn 2 erafiert, ass et wéi wann een an eng Mauer géing rennen", war seng Reaktioun no dem éischte Stint. Op d'Fro wéi dat sech ufillt mat 300 km/h ze fueren, huet de Gil geäntwert: "Et mierkt een déi Vitessen am Fong net esou richteg, well déi aner Pilote praktesch genau esou séier ënnerwee sinn. Wann awer dann en Accident virun der geschitt an du muss ofbremsen, da mierks de wéi séier dass de fiers". Zwee Mol huet de Ford mat der Nummer 68 sech an de „Pack Racing“ eragefuer, dat ass e klenge Groupe Autoen de ganz dicht hannerenee fueren, also am Wandschied, fir eng besser Zäit ze fueren. Mee zwee Mol war d’Chance net op dem Lëtzebuerger senger Säit wéinst engem Motorplatzer an engem Accident virun him. No 33 Ronne war den Test eriwwer an de Lëtzebuerger kënnt bei 70 Konkurrenten op di 33. Plaz. Domat huet hien d’Lizenz fir op all Circuit an de States ze fueren a säi Kommentar war: "Mega Erfarung gemaach, de Speedway zu Daytona ass mat senge 2,5 Meilen herrlech ze bewältegen well vill Plaz do ass, anescht wéi bei engem 0,5 Meilen-Oval. Ech wäert mat mengem Management an Amerika alles dru setzen de Budget ze fannen a fir de 17. Februar beim Optakt dobäi ze sinn. Di Verantwortlech vun der Nascar hu mer ebenfalls hier Hëllef ugebueden dat dat klappt".