Spuenier Carles Falcon eng Woch no schroer Chute gestuerwen

© AFP Archivbild
De 45 Joer ale spuenesche Motorrad-Pilot Carles Falcon war bei der 46. Editioun vun der Course an der Wüüst de 7. Januar verongléckt.
Wéi säin Team TwinTrail Racing lo matgedeelt huet, ass de Spuenier eng Woch no senger Chutte bei der zweeter Etapp gestuerwen.
"E Méindeg, de 15. Januar, huet de Carles eis verlooss. D'medezinescht Team huet confirméiert, dass den neurologesche Schued, deen hien duerch den Häerz-Otemstëllstand verursaacht duerch den Accident hat, irreversibel ass", sou de Message.
De Carles Falcon war no der schroer Chutte kuerz virum Zil an engem Deel vu Saudi-Arabien per Helikopter an d'Spidol geflu ginn. De Coureur aus Tarragone hat eréischt 2022 säin Dakar-Debut.