Gil Linster geet beim ARCA Menard’s Daytona 200 un den Depart

© Dan Levins Photography
D'Course ass samschdes de 17. Februar um 13:30 Auer amerikanescher Zäit am Virprogramm vun den Daytona 500.
Et ass elo sécher, de Lëtzebuerger Gil Linster fiert beim ARCA Menard’s Daytona 200 de 17. Februar um Ford Mustang mat der Nummer 68 vum Kimmel Racing Team.
Fir de gebiertege Fréisenger geet en Dram an Erfëllung. No dem positiven Test bei der Qualifikatioun vun der Arca Series viru knapp zwou Wochen um Super Speedway zu Daytona, krut de Gil Linster seng Super-Lizenz fir an der amerikanescher Nascar duerfen un de Start ze goen an domadder och den Accord, fir op deenen zwee gréissten ovalen Circuiten an den USA, Daytona an Talladega, duerfen unzetrieden. De Lëtzebuerger huet e gudden Androck beim Team Kimmel an der kompletter Nascar-Famill hannerlooss. Mam Accord vun enger Partie Sponsoren an der Ënnerstëtzung vu Menard’s, der Nascar a virun allem dem Kimmel Racing Team selwer huet de Linster den néidege Budget opbruecht, fir déi 200 Meilen zu Daytona an Ugrëff ze huelen.
"D’Freed ass natierlech ganz grouss, mä et steet elo vill Aarbecht virun der Dier. Den Design vum Auto, der Kombi a vu mengem Helm, muss elo virbereet an ausgefouert ginn. Et wäert eng ganz intensiv a gläichzäiteg interessant Zäit ginn, mech op déi Course virzebereeden", sot e mega zefriddenen Gil Linster.