En Donneschdeg ass den Depart vun enger vun de wuel legendäerste Autoscourssen iwwerhaapt.

Nämlech déi 92. Editioun vum Rallye Monte Carlo. Déi ass dëst Joer aus Lëtzebuerger Siicht ganz interessant. Mam Grégoire Munster geet nämlech ee Lëtzebuerger un den Depart. De Rallye Monte Carlo ass den éischte Laf vun der Weltmeeschterschaft. De Rich Simon mat enger Virschau op dëse wichtege sportleche Rendez-vous.

Virschau Rallye Monte Carlo / Reportage Rich Simon

De Rallye Monte Carlo ass déi Course, déi och vill Leit interesséiert, déi mam Automobilsport net esou vill um Hutt hunn. Iwwer kaum een anere Rallye ginn et méi Anekdoten a Legenden. Reegelméisseg ass den Andy Brücker aus eiser Automag-Redaktioun als Spectateur dobäi. Fir hien entseet d'Faszinatioun fir de Monte Carlo duerch de Kontrastprogramm - et ass een an de Bierger ënnerwee, vill Serpentinnen, spektakulär Autoen, wonnerschéi Landschaften an den Hafen zu Monte Carlo.

Eng grouss Inconnue beim Monte Carlo ass d'Meteo. Déi war schonns dacks decisiv. Mat Schnéi a gefruerenen a glate Stroossen haten d'Pilote scho méi wéi eemol ze kämpfen. An dat wier ee vun de groussen Challengë vum Rallye Monte Carlo, sou den Andy Brücker.

Wann d'Wieder an der Vergaangenheet am Hannerland vun der Côte d'Azur verréckt gespillt huet, da goufen et Speciallen, déi ee sech huet musse rout am Road Book markéieren. Dat schéngt dëst Joer awer net de Fall ze sinn. Et wäert dëst Joer gréisstendeels een dréchene Rallye ginn, dat heescht d'Ënnerscheeder wieren net esou grouss, sou den Andy Brücker. Wat awer kéint sinn, dat wier, datt op de Speciallen, op deenen et moies fréi erausgeet, et nach kéint gefruere Plaze ginn.

Fir den Andy Brücker gëtt et bei dëser 92. Editioun vum Rallye Monte Carlo ee grousse Favorit. An dat ass de Sébastien Ogier (Toyota Yaris Rally1). Hien huet de Rallye bis ewell schonn néng Mol gewonnen.

Fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster, dee schonns fir déi 5. Kéier un den Depart vum Rallye Monte Carlo geet, gëtt et dëst Joer awer eng grouss Première. Fir déi éischte Kéier start hien an der Kinneksklass. An dat mat engem Ford Puma Rally 1. Fir den Andy Brücker gëtt et fir de Grégoire Munster just eng Devise - Ukommen, dat heescht dee ganze Rallye fueren ouni Feeler an den Auto kenneléieren.

Déi éischte Speciale vum Rallye Monte Carlo gëtt en Donneschdeg den Owend um 20.30 Auer gefuer.