Et ass den éischte Rallye an der Weltmeeschterschaft fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster als offizielle Wierkspilot fir M-Sport Ford.

De Rallye Monte-Carlo ass och dëst Joer nees den Optakt vun der Rallye-WM, mat dës Kéier och engem Lëtzebuerger Pilot op engem vun de stäerksten Autoen aus der Rally1-Kategorie. De Grégoire Munster fiert zesumme mat sengem belsche Co-Pilot Louis Louka op engem Ford Puma Rally1, dat am Team vun M-Sport Ford.

RTL

© AFP

De Rallye Monte-Carlo ass bekannt dofir, net grad zu den einfachste Rallyen an der Saison ze gëllen. An de Bierg-Etappen ass ëmmer nees mat Glatäis oder Schnéi ze rechnen zum Beispill. Schnéi wäert een dëst Joer wuel kee gesinn, dofir sinn d'Temperaturen ze héich. Ma et gouf um Freideg schonn déi éischt gréisser Zäitverloschter, nodeems d'Equipagen vun komplett veräiste Passagen iwwerrascht goufen.

Um Donneschdeg den Owend ass de Rallye mat zwou Speciallen am komplett däischtere gestart ginn. Hei sinn d'Top-Piloten all ouni grousse Schued doduerch komm an de Grégoire Munster konnt zwee mol eng 7.-bescht Zäit fueren. Domat huet hien zwee mol den Norweger Andreas Mikkelsen hannert sech gelooss, deen dës Saison nees bei Hyundai am Asaz ass.

Um Freideg de Moie gouf et dann awer déi éischt Equipagen, déi hu mussen op d'Hëllef vun den Zuschauer zeréckgräifen. Esou huet et zum Beispill de fréiere Weltmeeschter Ott Tänak getraff, deen an enger veräister Rietskéier säi Hyundai i20 Rally1 net méi un d'Hale krut. En ass liicht vun der Strooss ofkomm an ass dunn net méi eegestänneg zeréck op d'Streck komm, obwuel guer kee Schued u sengem Auto war. Eréischt duerch d'Hëllef vun Zuschauer konnt hien zeréck op den Asphalt gedréckt ginn. En huet bal 42 Sekonnen op de Séierste verluer, an domat och schonn e Réckschlag mussen astiechen am Kampf ëm d'Victoire.

Ma hie sollt net den eenzege bleiwen. No him war et de Japaner Katsuta, dee mat sengem Toyota Yaris Rally1 op genee der selwechter Plaz erausgerutscht ass. Leider konnten d'Zuschauer him awer net direkt hëllefen, well d'Sécherheetsposten an d'Police op der Plaz d'Leit net bei den Auto gelooss hunn. Hien huet um Enn bal 5min30 op där Special verluer a seng Hoffnungen op e gutt Resultat konnt e begruewen.

Zu gudder Lescht hat et dann och de Lëtzebuerger-belschen Duo Munster/Louka getraff. Hie war zwar virgewarnt, nodeems e schonn am Livestream konnt gesinn, wat den anere geschitt ass, sou huet en awer net genuch Tempo erausgeholl gehat, an ass och am selwechte Gruef gelant wéi déi aner zwee. Bei him sollt sech den Zäitverloscht allerdéngs op ronn 35 Sekonne limitéieren.

RTL

© AFP

Dat ass dann och deen Ecart, deen dozou gefouert huet, dass en um Enn vum Freideg am General hannert den Andreas Mikkelsen bruecht huet.

De Lëtzebuerger läit op Plaz 7 mat 28 Sekonne Réckstand op de Mikkelsen, an 3min27 op de Leader Elfyn Evans op Toyota Yaris Rally1.

Am Interview nom 2. Dag huet e sech awer allgemeng zefridde gewise mat sengen Zäiten. Et ass ëm bewosst, dass en op dësem Rallye virun allem ukomme muss an Erfarunge sammelen.

Grégoire Munster iwwert Objektiver vum Rallye
Grégoire Munster zefridde mam Optakt vum Rallye Monte-Carlo

E géif aktuell net un d'Limitte goen, an och de Pneuechoix ass dacks e Kompromëss, well een och fir e Samschdeg an e Sonndeg nach genuch där gudder Pneuen (Soft) wëll iwwereg hunn. Zu all Moment kéint ee virun him e Platten hunn oder eng kleng Sortie, wouduerch hien dann am General nach eng Plaz kéint gutt maachen.

Grégoire Munster iwwert Pneue-Management

Um Samschdeg freet e sech virun allem op d'Speciallen 11 a 14 an der Regioun ronderëm Dévoluy. Hei ass hien och scho mol e Rallye als Preparatioun op de Monte-Carlo gefuer an de Verlaf vun der Special gefält him besonnesch gutt. Et dierf een also gespaant sinn, ob hien op deene Speciallen eventuell a bësse méi Risiko geet.

Grégoire Munster iwwert Virfreed op Special vun Dévoluy
RTL

© AFP

Um Samschdeg sti 6 Speciallen um Programm. Hei hat de Grégoire Munster wärend der 12. Special eng kleng Sortie. Well säin Auto duerno festhoung, konnt de Lëtzebuerger net méi weiderfueren. Trotz dësem Mëssgeschéck kann hien e Sonndeg awer nees un den Depart goen.

Generalklassement nom Freideg:

1) Evans/Scott - Toyota Yaris Rally1
2) Ogier/Landais - Toyota Yaris Rally1 +4,5 Sekonnen
3) Neuville/Wydaeghe - Hyundai i20 Rally1 + 16,1 Sekonnen
...
7) Munster/Louka - Ford Puma Rally1 +3min27,1