Schlussvictoire fir den Thierry Neuville, Grégoire Munster op Plaz 20

Grégoire Munster / © Damien Saulnier / AFP
E Sonndeg hat Hyundai all Grond sech ze freeën, well den Thierry Neuville an de Martijn Wydaeghe konnten déi 92. Editioun vum Rallye Monte-Carlo gewannen.
Et war en immens spannende Kampf bis zum Schluss, mat dem besseren Enn fir den Duo aus der Belsch, déi um Sonndeg duerch 3 Beschtzäiten den 9-fache Monte-Gewënner Sébastien Ogier um Toyota GR Yaris hannert sech konnte loossen.
Den Thierry Neuville war dann och iwwerwältegt vum Resultat a konnt sech domat eng zweete Kéier an de Palmarès vum Rallye Monte-Carlo aschreiwen.

Op Plaz 2 koumen deemno de Sébastien Ogier an de Vincent Landais op Toyota (+16,1 Sekonnen), virum Elfyn Evans a Martin Scott och op Toyota (+45,2 Sekonnen).

© AFP
De Lëtzebuerger Grégoire Munster war scho samschdes op der 12. Speciale fréizäiteg ausgefall, nodeems e mat sengem Ford Puma op enger schmiereger Strooss Ënnersteiere krut a widder enger Leitplank un d'Hale komm ass. Vun do ass en net méi fortkomm an en huet mussen opginn, obwuel den Auto net beschiedegt war.
Sonndes konnten hien a säi belsche Copilot Louis Louka awer nees weiderfueren, dat allerdéngs mat masseg Strofminutten. Doduerch ware se vu Plaz 6 op Plaz 23 zeréckgefall am Generalklassement. Et ware sonndes just nach 3 Speciallen ze fueren, deemno war net méi vill ze maachen, fir nach wäit no vir ze kommen. Allerdéngs gëtt et dëst Joer en neie Punktesystem, deen dozou bäidroe soll, dass och sonndes nach richteg attackéiert gëtt, an dat net just op der Power Stage, bei där ee bis zu 5 Bonuspunkte fir d'WM sammele kann.

© AFP
Deemno huet et hei fir de Lëtzebuerger-belschen Duo geheescht nach emol konzentréiert ze bleiwen a Gas ze ginn. op der 15. Speciale war et Plaz 6, op der 16. Speciale Plaz 7 an op der leschter Speciale déi 8. Plaz. Doduerch koum hien an der Dageswäertung op Plaz 7, wat him nach ee Punkt an der WM-Wäertung geséchert huet.
Duerch seng 20. Plaz am Generalklassement goufen et awer keng weider Punkten, domat geet et mat der Minimalausbeute vun 1 Punkt vum Rallye Monte-Carlo nees heem.
Den nächste Rendez-vous ass vum 15.-18. Februar a Schweden.
Grégoire Munster um Autofestival
Ween de Grégoire Munster emol perséinlech wëll kenneléieren, fir deen heescht et en Donneschdeg 1. Februar sech Zäit ze huelen. Da mécht en nämlech den Tour duerch 3 Ford-Garagen am Land, fir ënnert anerem Autogrammer ze ginn.
um 10 Auer – Autopolis Bartreng
um 13 Auer - LuxMotor zu Mënsbech
um 15.30 Auer - Fordstore Wengler zu Ettelbréck.