De Lëtzebuerger ass ee vu 50 Chauffeuren, déi hei un den Depart ginn. Hien huet d'Startnummer 68.

Fir bis an d'Course ze kommen, muss de Lëtzebuerger et awer an d'Topp 40 vun der Qualifikatioun packen. Déi lescht 10 Piloten dierfen nämlech net bei der Course starten. D'Qualifikatioun ass e Freideg am fréien Owend eiser Zäit (13.30 Auer a Florida). D'Course ass dann e Samschdeg.