Favorittestierwe bei Rallye Schweden, Munster mat technesche Probleemer

© AFP
Aktuell gëtt a Schweden déi zweet Manche vun der WRC-Rallye-Weltmeeschterschaft gefuer.
D'Rallye Schweden huet e Freideg vill Top-Piloten vun der Rallye-Weltmeeschterschaft a Schwieregkeete bruecht. Mam Ott Tänak a Kalle Rovanperä sinn direkt zwee grouss Nimm op der 4. Speciale ausgefall, och den Thierry Neuville an den Elfyn Evans si wäit zeréckgefall.
No 8 Specialle läit e Freideg den Owend de Finn Esapekka Lappi (Hyundai) un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vun 3,2 Sekonnen op de Japaner Takamoto Katsuta (Toyota). Mat engem Retard vun enger Minutt an 20 Sekonne läit de Schwed Oliver Solberg (Skoda) op der drëtter Plaz.
Den Elfyn Evans (Toyota) ass an eng Schnéiwick geroden an huet vill Zäit verluer. Hien ass de 5. op eng Minutt a 50 Sekonnen.
Den Thierry Neuville ( Hyundai) ass den 11. op 2 Minutten a 46 Sekonnen. Beim Belsch hat sech wärend enger Speciale de Capot geléist. Donieft war de Monte-Carlo-Gewënner wéinst Probleemer mam Besinn-Drock bei enger Speciale ze spéit op den Depart komm a krut eng Zäitstrof. Den M-Sport-Ford-Pilot Grégoire Munster hat och mat technesche Probleemer ze kämpfen. De Lëtzebuerger huet eng Fënster hanne lénks verluer. Aktuell läit hien op der 20. Plaz an huet e Retard vu 6 Minutten an 39 Sekonnen.