No senger gudder Virstellung beim "Pre Race Practice" zu Daytona den 13. Januar, krut de Pilot net nëmmen d’Super Lizenz fir an der Nascar ze fueren...

Mä gläichzäiteg d’Chance, bei den ARCA Menards 200 Meilen dËse Weekend zu Daytona un de Start ze goen. Dës Course ass souzesoen den "Opener" vun de berüümten Daytona 500 Meilen am World Center of Racing. Mat grousser Ënnerstëtzung vun der Nascar, sengem Team mat deEm hien un den Depart geet, dem Kimmel Racing Team aus Indiana an enger Rei vu Sponsore war de Lëtzebuerger bei der éischter Course vun der ARCA Menards Series mat dobäi. Di amerikanesch Press huet am Virfeld vun der Course de Lëtzebuerger grouss ervirgehuewen an ass positiv iwwerrascht vum Linster senger Begeeschterung fir den Nascar-Sport. Also waren d’Erwaardungen zimmlech héich gesat op e gutt Resultat vum bloen Hoosh.com-Ford Mustang mat der Nummer 68.

Um DonneschdeG beim fräien Training ass et zimmlech gutt gelaf. De Fait, datt verschidden Astellunge gemaach goufen an d'Schiedfueren nach huet musse geüübt ginn, ass de Lëtzebuerger op eng gutt 24. Plaz komm bei 49 Konkurrenten. Um Freide beim Qualifying ass et nach besser gelaf fir de Fréisenger. Zu Daytona fueren ëmmer Gruppe vu 5 Autoen déi da 4 Ronnen hu fir eng Zäit ze setzen. De Mustang mat der Nummer 68 war an der éischter Grupp an hat direkt di séiersten Zäit an den Oval vum Super Speedway gesat. No der 5. Grupp war de Lëtzebuerger nach ëmmer op der éischter Plaz. Wou déi 6. a 7. Grupp laanscht waren, louch de Mann aus dem Kimmel Racing Team op der fantastescher 7. Plaz, wat gläichzäiteg d'Startpositioun fir d'Course bedeit.

Aus mereologesche Grënn, et gouf Reen virausgesot fir e Samschden, ass d‘Course op e Freiden 22.30 Auer Lokalzäit virverluecht ginn. Vum Start erfort ass de Lëtzebuerger op Sécherheet gefuer an huet d'Situatioun als éischt emol am Aen behalen. Bei engem heftege Crash am Ufank vun der Course goufe schonn e puer Autoen eliminéiert. Spéider an der Course huet de bloe Ford Mustang am Turn 2 liicht iwwersteiert, mee de Lëtzebuerger huet säin Talent bewisen a mat enger gudder Reaktioun an engem "Big Safe" Schlëmmeres verhënnert. Doduerch goungen e puer Plaze verluer an de Fréisenger louch op der Positioun 16 wéi an der leschter Ronn virun him e gréissere Crash nees d‘Positioune komplett op d'Kopp geworf huet. Um Enn ass de Lëtzebuerger op der 7. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer.

Eng gutt Performance also fir déi ganz Equipe vum Kimmel Racing Team. "Eng mega Erfarung an e mega Resultat an den Top Ten ënnert dem Flutliicht 84 Ronnen zu Daytona eraus ze fueren. Et ass eng Konscht vir mat knapp 300 km/h an engem Pulk vun 20 oder méi Autoen ze fueren. Wann s de ganz kuerz de Fouss vum Gas hellst, da brécht den Auto aus. Mee um Enn si mer all mega happy mat der 7. Plaz bei der éischter Course zu Daytona", sot e ganz gléckleche Gil Linster no der Course.