Lappi weider vir, Grégoire Munster verléiert aacht Positiounen

Um drëtten Dag vun der Rallye Schweden konnten d'Favoritten Zäit gutt maachen, d'Féierung huet awer weiderhin de Lokalmatador Esapekka Lappi.
No 15 Specialle läit den Esapekka Lappi aus Finnland, mat sengem Bäifuerer Janne Ferm, un der Spëtzt. Den Zweetplacéierte vun e Freideg, den Takamoto Katsuta, huet wéinst technesche Problemer vill Zäit verluer an ass just nach 47. Neien Zweeten ass de Fransous Adrien Fourmaux mat 1:06 Réckstand op de Lappi. Den Elfyn Evans, deen e Freideg nach wäit hanne louch, huet sech no vir geschafft a läit virum leschten Dag op der drëtter Plaz (+ 1:23). Och dem Thierry Neuville säin Auto huet keng Problemer méi gemaach an de Belsch konnt sech vun der 11. op déi 4. Plaz no vir katapultéieren (+ 2:22). Den Drëttplacéierte vun e Freideg Oliver Solberg ass neie Fënneften.
Fir de Grégoire Munster ass et um drëtten Dag bis an déi 14. Speciale ganz gutt gelaf. De Lëtzebuerger, deen e Freideg nach op Plaz 20 louch, konnt sech bis op déi 14. Plaz no vir schaffen. Am leschten Duerchgang huet de Lëtzebuerger awer wéinst engem Incident immens vill Zäit verluer a läit virum leschten Dag op der 28. Plaz.