Lappi séchert sech d'Schlussvictoire, Plaz 23 fir de Grégoire Munster

© AFP
Fir den Esapekka Lappi ass de Succès a Schweden no Finnland 2017 déi zweet Victoire a senger Karriär.
Um véierten a leschten Dag vun der Rallye a Schweden krut den Esapekka Lappi aus Finnland zesumme mat sengem Bäifuerer Janne Ferm d'Féierung verdeedegt. No am Ganzen 18 Specialle louche si un der Spëtzt a séchere sech domat hir zweet WM-Victoire. Déi zweete Plaz ass um Enn un de Britt Elfyn Evans mat sengem Bäifuerer Scott Martin gaangen, dat mat engem Ecart vun 29.6 Sekonnen op déi Éischt. D'Fransousen Adrien Fourmaux an Alexandre Coria séchere sech mat engem Ecart vu 47.9 Sekonnen déi drëtte Plaz um Podium.
Am General vum WM-Klassement bleift den Thierry Neuville aus der Belsch mat enger 4. Plaz an elo am Ganzen 48 Punkte weider un der Spëtzt, dat mat dräi Punkte Virsprong op den Elfyn Evans.
De Lëtzebuerger Grégoire Munster konnt sech um leschten Dag a Schweden zesumme mam Louis Luka nach ëm fënnef Plaze verbesseren a schléisst hei um Enn op der 23. Plaz of.