De Motorrad-Weltmeeschter Francesco Bagnaia huet d'Missioun Titelverdeedegung mat enger Victoire beim Optakt am Katar ugefaangen.

E Sonndeg war an der MotoGP den Optakt an déi nei Saison. Am Katar ass déi 1. vun 21 Coursse gefuer ginn. Um Enn huet sech de Weltmeeschter Francesco Bagnaia mat senger Ducati beim Grousse Präis vum Katar behaapt. Hannert dem Italiener sinn de KTM-Pilot Brad Binder a säin Ducati-Markekolleeg Jorge Martin op d'Plazen 2 an 3 gefuer. De Martin hat e Samschdeg de Sprint gewonnen.

De 24. Mäerz geet et an der Algarve a Portugal weider.

Op RTL Play kënnt Dir d'Courssen am Replay kucken.

Gewënner vun der Moto2 Course ass de Alonso Lopez. Et war eng spannend leschte Ronn, an där sech de Alonso géint de Barry Baltus huet misse behaapten. Fir de Belsch ass et a senger 50. Course säin éischte Podium. Déi drëtte Plaz ass fir de Sergio Garcia.

An der Moto3 gouf et eng Victoire fir den David Alonso op KTM. Fir de Kolumbianer ass et déi 5. Victoire a senger Karriär. Virun der leschter Ronn louch den Alonso just op der 6. Plaz. An der leschte Kéier ass hien dunn nach laanscht den Daniel Holgado gezunn. Hannendrun klasséiert sech den Taiyo Furusato op der 3. Plaz.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP
1. Francesco Bagnaia 39:34.869
2. Brad Binder +1.329
3. Jorge Martin +1.933

Moto2
1. Alonso Lopez SpeedU 35:45.595
2. Barry Baltus RW Racing + 0.055
3. Sergio Garcia MT Helmets + 0.742

Moto3
1. David Alonso Aspar Team 33:19.778
2. Daniel Holgado Red Bull + 0.041
3. Taiyo Furusato Honda + 0.143

De General

MotoGP
1. Francesco Bagnaia 31
2. Brad Binder 29
3. Jorge Martin 28

Moto2
1. Alonso Lopez 25
2. Barry Baltus 20
3. Sergio Garcia 16

Moto3
1. David Alonso  25
2. Daniel Holgado 20
3. Taiyo Furusato 16