Stramme Programm mam GT World Challenge + Porsche Carrera Cup Asia

Foto vun der Saison 2023
En Dënschdeg den Owend huet den Dylan Pereira säi Programm fir d'Saison 2024 virgestallt. Nieft Europa steet och Asien op der Agenda!
GT World Challenge Europe
Sou wéi schonn d'lescht Joer, ass den Dylan Pereira och dëst Joer nees op engem Audi R8 LMS GT3 Evo II aus dem Haus Tresor Attempto Racing am Asaz, dat bei der Fanatac GT World Challenge Europe, enger vun den am stäerkste besate Rennserië fir GT3-Gefierer. De Cockpit deelt hie sech nees mam Bronze-Pilot Andrey Mukovoz, deen och e Groussdeel vum Budget fir d'Saison bäisteiert. Den Dylan ass an dësem Fall de Pilot mat der Gold-Lizenz. Den drëtte Pilot huet de Silver-Status a kënnt aus Éisträich. Et ass dëst de Max Hofer, deen déi lescht Saison fir Audi als Wierkspilot am Asaz war. Hie kennt den Auto deemno immens gutt, wouduercher dëse sech net laang muss un dat neit Team an den Auto mat der Startnummer 66 gewinnen.
Nei dës Saison ass, dass den Auto souwuel an der Endurance, wéi och am Sprint agesat gëtt. Déi Coursse ginn op verschidde Weekender gefuer. D'Sprint-Courssen daueren 1 Stonn an et gëtt souwuel samschdes eng Course gefuer a sonndes eng. Den Dylan Pereira deelt sech hei de Cockpit mam Andrey Mukovoz. Déi eng Course fiert deen ee Pilot de Qualifying an de Start, an déi aner Course dann den anere Pilot.
An der Endurance kënnt dann och de Max Hofer an den Asaz. Hei geet et jee no Course iwwer 3, 6 oder souguer 24 Stonnen. Dat ass dann zu Spa de Fall, wat dann och en Highlight vun der Saison dierft duerstellen.
Pressecommuniqué vun Tresor Attempto Racing
Kalenner GT World Challenge Europe
5.-7. Abrëll: Circuit Paul Ricard (F) - Endurance
4.-5. Mee: Brands Hatch (GB) - Sprint
17.-19. Mee: Misano (I) - Sprint
21.-22. Mee: 24h Spa - Prologue(B) - Test
26.-30. Juni: 24h Spa (B) - Endurance
19.-21. Juli: Hockenheim (D) - Sprint
26.-28. Juli: Nürburgring (D) - Endurance
23.-25. August: Magny-Cours (F) - Sprint
20.-22. September: Monza (I) - Endurance
11.-13. Oktober: Barcelona (ES) - Sprint
21.-23. November: 6h of Jeddah (SAU) - Endurance
Porsche Carrera Cup Asia
Nieft der GT World Challenge, steet awer nach eng weider Serie um Programm, an dat ass de Porsche Carrera Cup. Am däitsche Cup ass den Dylan Pereira jo jorelaang gefuer, ma elo waart eng nei Erausfuerderung op de Gewënner um Porsche Supercup aus dem Joer 2022. Hie krut nämlech eng Offer, fir dës Saison am Porsche Carrera Cup Asia ze fueren, dëst beim Team Yonda By PGR (Phantom Global Racing).
Kloert Zil fir de Lëtzebuerger ass et fir de Carrera Cup ze gewannen. Dofir verzicht hien dann z.B. och op de Start an der GT World Challenge, wann et op Monza geet. Dee Weekend ass nämlech och eng Course vum Carrera Cup Asia.
Bei der Course am Abrëll zu Shanghai ass parallel och d'Formel 1 um Depart, grad ewéi am September zu Singapur.
Et waarden awer och e sëllegen Erausfuerderungen op den Dylan Pereira, well hien ass nach op kengem vun de Circuite gefuer, déi hei op hie waarden. Verschiddener kennt hie just aus dem Simulator, anerer wäert hien eréischt um Weekend vun der Course selwer entdecken. Hei huet hien da just 2 Mol 30 Minutten Zäit, fir d'Streck kennenzeléieren an den Auto optimal anzestellen! Dat dierft net einfach ginn.
Iwwert seng Konkurrenten aus dem asiatesche Raum weess den Dylan Pereira nach net vill. Ma ee Pilot, deen dëst Joer och am Carrera Cup Asia un den Depart geet, ass de Porsche Junior Pilot Alessandro Ghiretti. Dat ass da just ee vun de Piloten, déi dem Dylan Pereira d'Liewe wäerte schwéier maachen. Aktuell stinn 28 Piloten an der Startlëscht vum Carrera Cup Asia.
Fir sech awer e bësse méi wuel ze spieren, kann de Pereira op en Auto zeréckgräifen, deen him vum Look hie schonn emol Gléck bruecht huet. D'Team konnt nämlech BWT als Haaptsponsor gewannen... an dobäi kënnt, dass den Auto d'Startnummer 5 wäert hunn. Genee an där Konstellatioun huet den Dylan Pereira 2022 de Porsche Supercup gewonnen.

© ATP / Arthur Thill (2022)
Fir sech optimal virzebereeden, ass den Dylan Pereira dann och dëse Mëttwoch a Richtung Shanghai geflunn. Do stinn dëse Weekend déi offiziell Testfaarte fir d'Saison 2024 un.

Den Auto fir d'Saison 2024 am Porsche Carrera Cup Asia
Kalenner Porsche Carrera Cup Asia
23.-24. Mäerz: Shanghai International Circuit, China - Test
19.-21. Abrëll: Shanghai International Circuit, China
10.-12. Mee: Suzuka International Circuit, Japan
14.-16. Juni: Buriram International Circuit, Thailand
5.-7. Juli: Bangsaen Street Circuit, Thailand
8.-11. August: Sepang International Circuit, Malaysien
20.-22. September: Marina Bay Street Circuit, Singapur
25.-27. Oktober: Shanghai International Circuit, China
Nieft senger Asazzäit an den zwou Meeschterschaften an Europa an an Asien fir Punkten ze sammelen, dierft den Dylan Pereira dann och vill Zäit am Fliger verbréngen a Fluchmeile sammelen.