Dëse Weekend war zu Nogaro den Optakt vum franséische Championnat an der F4.

Den Chester Kieffer geet an der Competitioun fir Lëtzebuerg un den Depart. Nodeems d'Nowuesstalent am fräien Training op déi 4. Plaz gefuer ass, konnt hie sech an der éischter Course op der 10. Plaz klasséieren an domat den éischte Punkt am Championnat sammelen.

Grouss Konfusioun gouf et beim Start. D'Course-Direktioun hat den Depart mam Fändel ginn, nodeems d'Luuchten net funktionéiert haten. Dat huet vill Piloten irritéiert an de Lëtzebuerger ass als 17. an déi éischt Kéier gaangen, fir dono Plaze guttzemaachen. Déi 2. Course gouf opgrond vun de schlechte Wiederkonditiounen annuléiert iwwerdeems an der 3. Course vum Weekend eng gutt 5. Plaz erausgesprongen ass. Mat dëser 5. Plaz huet den Chester Kieffer 10 Punkte gesammelt. Am Championnat läit hien nom Optakt vun der Saison op der 8 Plaz.