Jorge Martin fält kuerz viru Schluss, Francesco Bagnaia wënnt

© AFP (Archiv)
An der MotoGP-Course um Sachsenring ass de Leader Jorge Martin als Leader an der zweetleschter Ronn gefall, de Francesco Bagnaia huet dovunner profitéiert.
De Jorge Martin huet beim Grousse Präis vun Däitschland laang Zäit wéi de Gewënner vun der MotoGP-Course ausgesinn. Hie louch bis deen zweetleschten Tour un der Spëtzt. De Francesco Bagnaia huet hien dunn awer an enger Kéier ënner Drock gesat, de Martin huet deem net standgehalen, ass gefall an huet mussen opginn. De Bagnaia huet dovunner profitéiert an huet sech d'Victoire geséchert. Op déi zweet Plaz ass de Marc Marquez gefuer. Den Alex Marquez stoung als Drëtte fir déi éischt Kéier zesumme mat sengem Brudder um Podium.
Fir de Bagnaia war et déi véiert Victoire noeneen (no Barcelona, Mugello an Assen). Donieft huet hien och nach d'Féierung am General iwwerholl. De Martin ass elo just nach den Zweeten.
An der Moto2 ass de Fermin Aldeguer zeréck op der ieweschter Träppche vum Podium. No senge Feeler zu Barcelona an zu Assen konnt hie sech e Sonndeg um Sachsenring d'Victoire virum Jake Dixon sécheren. An der Lutte ëm déi drëtte Plaz huet sech den Ai Ogura ganz knapp virum Diogo Moreira, dem Celestino Vietti an dem Somkiat Chantra behaapt.
An der Moto3 marschéiert den David Alonso a Richtung WM-Titel. Bei der Victoire um Sachsenring huet de Kolumbianer vun der Chute vum Collin Veijer an dem Jose Rueda profitéiert a säi 6. Succès gefeiert. Op déi zweet Plaz ass den Taiyo Fursato gefuer an dat obwuel hie kuerz d'Streck verlooss hat an an de Kräsi gerode war. Drëtten ass den Ivan Ortolas ginn.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia 40'40.063
2 M. Marquez 3.804
3 A. Marquez 4.334
4 E. Bastianini 5.317
5 F. Morbidelli 5.557
Moto2
1 F. Aldeguer 35'07.384
2 J. Dixon 2.159
3 A. Ogura 4.418
4 D. Moreira 4.533
5 C. Vietti 4.543
Moto3
1 D. Alonso 33'02.956
2 T. Furusato 0.187
3 I. Ortola 0.339
4 A. Fernandez 2.362
5 Á. Piqueras 2.438
De General
MotoGP
1. Jorge Martin 212
2. Francesco Bagnaia 197
3. Marc Marquez 146
4. Enea Bastianini 142
5. Maverick Vinales 121
Moto2
1. Sergio Garcia 147
2. Ai Ogura 140
3. Joe Roberts 123
4. Fermin Aldeguer 108
5. Alonso Lopez 93
Moto3
1. David Alonso 179
2. Ivan Ortola 121
3. Daniel Holgado 120
4. Collin Veijer 115
5. David Munoz 84