De Marvin Klein wënnt zu Spa-Francorchamps

© Porsche Mobil 1 Supercup
De Porsche Supercup war ee Sonndeg bei eise belschen Noperen zu Spa op Besuch.
Vun der éischter Ronn u bis zum Schluss war dës Course en absolutte Spektakel. Och wann de Marvin Klein seng Pole Position souverän an eng Victoire verwandele konnt, war et hannendrun net langweileg.
Den aktuelle Leader vum Klassement, de Larry Ten Voorde, gouf ënnert anerem an der éischter Ronn vu sengem stäerkste Kontrahent, dem Harry King, iwwerholl.
Zwou Safetycar-Phasen, eng sëlleg Accrochagen a Strofe méi spéit, war et an der leschter Ronn, wéi den Ten Voorde nach eng Kéier probéiert huet, um King laanscht ze kommen. Awer dëst ass ëm net gegléckt.
Um Enn gewënnt deemno de Marvin Klein. Hien huet sech virum Huub van Eijndhoven duerchgesat. Den Harry King ass den Drëtte ginn, dat virum Larry Ten Voorde,
No sechs vun aacht Coursse läit de Larry Ten Voorde weider un der Spëtzt mat 123 Punkten. Hien huet elo nëmmen nach siwen Punkten Avance op den Harry King (116) an zwielef Punkten op de Marvin Klein