De Qualifying war schonn net gutt gelaf, ma an der Course war scho fréi Schluss, nodeems den Auto an der 1. Kéier vun engem Kontrahent getraff gouf.

Den Dylan Pereira hat bei dëser Manche vum Championnat e ganz schlechte Weekend. An der Qualifikatioun um Freideg a Samschdeg ass et net esou richteg gutt gaangen, an och um Sonndeg de Moie war de Wuerm dran, woumat eng schlecht Plaz um Starting Grid erauskomm ass.
 
Direkt an der éischter Kéier war dem Dylan Pereira säin Team-Partner Andrey Mukovoz an e Crash verwéckelt. Hien huet do direkt vill Retard kritt. No 45 Minutten huet d'Team den Auto an d'Box geholl, well de Schued um Auto duerch den Accident beim Depart grouss war, an den Auto net méi ze fuere war.

RTL

© Romain Scheffen

Den Dylan ass also net zum Fuere komm. Duerch dësen Ausfall verléiere si déi 2. Plaz an der Gesamtwäertung vum Bronze Cup. Et bleiwen nach 2 Courssen dëst Joer .