Den Enea Bastianini wënnt zu Silverstone

© BENJAMIN CREMEL/AFP
Den Italieener huet sech virum Jorge Martin an dem Francesco Bagnaia duerchgesat.
An der MotoGP gouf et eng Victoire vum Enea Bastianini. No enger spannender Course huet hie sech knapp virum Jorge Martin behaapt. De Podium gouf vum Francesco Bagnaia komplettéiert.
Am General huet de Jorge Martin elo 3 Punkten Avance op de Bagnaia.
Nom Start huet den Espargaro seng éischt Plaz direkt un de Bagnaia verluer an ass souguer op déi 5. Plaz zréckgefall. De Bastianini an de Martin hu sech no vir geschafft. An der Hallschent vun der Course louchen déi dräi Piloten däitlech virum Rescht vum Feld. 9 Tier virun der Arrivée huet de Martin de Bagnaia iwwerholl a war op der 1. Plaz. Kuerz drop huet de Bagnaia och missen de Bastianini laanscht loossen. Bei där Reiefolleg sollt et bis 2 Tier viru Schluss bleiwen. No engem Feeler vum Martin ass de Bastianini laanscht gefuer an huet sech d'Victoire geséchert. De Martin gouf virum Bagnaia den Zweeten. Op d'Plaze 4 a 5 koumen de Marc Marquez an de Fabio Di Giannantonio.
Am Moto 2 ass den Jake Dixon als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. De Podium gouf vum Aron Canet an dem Celestino Vietti komplettéiert.
An der Moto3 huet den Ivan Ortola gewonnen. op d'Plazen 2 an 3 koumen de Leader am General David Alonso an de Collin Veijer.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 E. Bastianini 39:51.879
2 J. Martin +1.931
3 F. Bagnaia +5.866
4 M. Marquez +6.906
5 F. Di Giannantonio +7.736
Moto 2
1 J. Dixon CFMOTO Inde Aspar Team 35'25.147
2 A. Canet Fantic Racing +0.177
3 C. Vietti Ajo Motorsport +7.054
4 S. Garcia MT Helmets - MSI +8.476
5 M. Gonzalez QJMOTOR Gresini Moto2 +8.718
Moto3
1 I. Ortola MT Helmets - MSI 32'42.328
2 D. Alonso CFMOTO Valresa Aspar Team +0.123
3 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.226
4 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech3 +0.333
5 S. Nepa LEVELUP - MTA +0.397
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 241
2 Francesco Bagnaia 238
3 Enea Bastianini 192
4 Marc Marquez 179
5 Maverick Vinales 130
Moto 2
1 Sergio Garcia 160
2 Ai Ogura 142
3 Joe Roberts 123
4 Fermin Aldeguer 112
5 Alonso Lopez 100
Moto3
1 David Alonso 199
2 Ivan Ortola 146
3 Daniel Holgado 133
4 Collin Veijer 131
5 David Munoz 88