Larry Ten Voorde wënnt fir d'éischte Kéier zu Zandvoort

© Porsche Mobil 1 Supercup
D’Saison am Porsche Supercup ass an der decisiver Phas ukomm.
Virun der Course zu Zandvoort haten nach de Larry Ten Voorde, den Harry King an de Marvin Klein d'Méiglechkeet, de Championstitel fir sech kënnen ze decidéieren.
Um Sonndeg hätt de Larry Ten Voorde misse gewannen an den Harry King just op der néngter Positioun ukommen, fir datt den Hollänner sech scho virzäiteg hätt kéinten als Champion kréinen. Ma souwäit sollt et awer nach net kommen.
Fir den Ten Voorde ass de Weekend mat der Poleposition um Samschdeg perfekt lassgaangen, nodeems de King just vun der néngter Positioun aus an der Course gaangen ass.
Wärend deem s sech den zweefache Champion kee Feeler erlaabt huet an e gudden Tempo gefuer ass, huet de King mat spannenden Iwwerhuelmanöver eng Limitatioun vum Schued gemaach, a koum um Sonndeg als Véierten hannert dem Gewënner Ten Voorde iwwer d’Arrivée.
Domat dierf ee sech d'nächst Woch zu Monza bei der leschter Course op eng spannend Finall tëscht dem Ten Voorde an dem King freeën.
Allerdéngs muss den Harry King nach e wéineg zidderen, well no engem Incident géint de Jaubert, kéint op hien nach nodréiglech eng Strof waarden.
De Marvin Klein dierf sech no sengem Ausfall an der leschter Ronn keng Hoffnunge méi op den Titel maachen.
Sidd e Sonndeg och nees am Livestream op RTL.lu an um RTL Play mat dobäi, wann de Porsche Supercup zu Monza un de Start geet.