Dëse Weekend stoung déi zweetleschte Manche vum franséische Formel-4-Championnat fir de Chester Kieffer zu Dijon um Programm.

Déi Problemer, déi et an der lescht um Auto vum Chester Kieffer gouf, waren och um Circuit de Dijon-Prenois nach net behuewen. Dowéinst war et nees schwiereg, an der Qualifikatioun sech an eng gutt Ausgangspositioun ze bréngen. Fir déi éischt Course vum Weekend ass hie vun der 9. Plaz un den Depart gaangen. Fir déi zweete Course war dës Positioun awer gutt, well duerch d'Reverse-Grid-Reegel, déi am franséische Formel-4-Championnat applizéiert gëtt, stoung säin Auto op der zweeter Plaz.

An der éischter Course vum Weekend huet sech och erausgestallt, dass d'Pneuen an der zweeter Hallschent géifen abriechen. De Chester Kieffer huet opgrond vum Pneueverschläiss eng Plaz verluer an ass als 10. iwwer d’Arrivée. De Lëtzebuerger konnt sech awer 1 Punkt fir d'Klassement sécheren.
 
Nodeems ee sech mat den Ingenieuren a Mecanicien zesummegesat huet, fir Léisungen ze fannen, konnten déi Friichten droen. Beim Start konnt de Chester Kieffer säi Konkurrent iwwerhuelen a louch op der éischter Plaz. Wärend der Course huet et am Mëttelfeld ferm gerabbelt. De Safety Car koum doropshi fir e puer Ronnen eraus. Nom Restart gouf de Lëtzebuerger awer vun der Streck gedréckt an huet vill Plaze verluer. Vun der Positioun 24 ass hien um Enn nach als 12. iwwert de wäisse Stréch gefuer.
 
Fir déi lescht Course vum Weekend hat den Chester Kieffer awer keng gutt Kaarten am Grapp, fir ëm eng Podiumsplaz matzekämpfen. Mat ofgenotzte Pneuen an opgrond vum Qualifikatiounsresultat ass hien als 11. an d'Course gaangen. Him sollt et awer geléngen, sech bis op déi 7. Plaz no vir ze kämpfen, fir esou seng 4. Plaz am Klassement vum franséische Formel-4-Championnat ze verdeedegen. Opgrond vun de Problemer, déi, wéi et schéngt, geléist sinn, geet den Chester Kieffer zouversiichtlech an déi lescht Manche. Déi gëtt vum 4. - 6. Oktober um bekannte Circuit Paul Ricard gefuer.