An der MotoGP ass dëse Weekend a Japan déi fënneflescht Manche vun dëser Saison gefuer ginn.

Am Motorradssport huet de Francesco Bagnaia an der MotoGP de Grousse Präis vu Japan gewonnen.

Den Italiener huet sech op senger Ducati viru sengem Markekolleeg Jorge Martin aus Spuenien duerchgesat. De Bagnaia hat direkt an der éischter Kéier d'Féierung iwwerholl an huet dës bis zum Schluss net méi hier ginn. De Marc Marquez ass als Drëtten op en Neits op de Podium gefuer.

Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Bagnaia mat dëser Victoire säi Retard op de Leader Martin weider verkierzt. Véier Coursse viru Schluss huet de Martin nëmmen nach 10 Punkten Avance op den Zweetplacéierte Bagnaia.

An der Moto2 huet sech de Manuel Gonzalez seng éischt Victoire geséchert. Hien huet sech virum Ai Ogura behaapt, dee weider wäertvoll Punkten an der Lutte ëm de WM-Titel gesammelt huet. Den Zweeten am WM-Klassement Sergio Garcia ass net iwwert déi 14. Plaz erauskomm.

An der Moto3 ass e Sonndeg de Moie fréi d'Decisioun ëm den Titel gefall. Den David Aonso steet véier Coursse viru Schluss als Weltmeeschter fest. Hien ass deen éischte Motorrad-Weltmeeschter aus Kolumbien. Den Alonso huet sech e Sonndeg d'Victoire geséchert an domadder direkt säin éischte Matchball genotzt.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 F.  Bagnaia Ducati Lenovo Team
2 J.  Martin Prima Pramac Racing +1.189
3 M.  Marquez Gresini Racing MotoGP +3.822
4 E.  Bastianini Ducati Lenovo Team +4.358
5 F.  Morbidelli Prima Pramac Racing +17.940

Moto2

1 M. Gonzalez  QJMOTOR Gresini 22'52.521
2 A. Ogura  MT Helmets - MSI +2.535
3 F. Salac  Elf Marc VDS Racing Team +9.103
4 J. Alcoba  Yamaha VR46 Master Camp Team +9.240
5 Z. van den Goorbergh  RW-Idrofoglia Racing GP +14.758

Moto3

1 D. Alonso  CFMOTO Gaviota Aspar Team 33'03.606
2 C. Veijer  Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.524
3 A. Fernandez  Leopard Racing +0.766
4 D. Holgado  Red Bull GASGAS Tech3 +1.168
5 J. Antonio  Red Bull KTM Factory Racing +1.209

De General

MotoGP

1. Jorge Martin 392
2. Francesco Bagnaia 382
3. Enea Bastianini 313 
4. Marc Marquez 311
5. Brad Binder 183

Moto2

1. Ai Ogura 228
2. Sergio Garcia 168
3. Alonso Lopez 163 
4. Aron Canet 156
5. Joe Roberts 153

Moto3

1. David Alonso 321
2. Daniel Holgado 212 
3. Collin Veijer 209
4. Ivan Ortola 191 
5. David Munoz 141