Den Adrenalin an d'Konzentratioun waren um Maximum zu Boukels. Bei den akrobatesche Manövere vun de Spezialisten um Moto ass et kengem langweileg ginn.

Motocross ass nämlech näischt fir schwaach Nerven – bei héijer Vitess fléien d’Sportler mat Vollgas iwwer den hiwwelege Parcours. Vun de Jéngste bis an déi iewescht Klassen huet een d’Passioun fir de Sport gespuert. Eng Sportaart, vun där scho jidderee héieren huet, an dach bei villen nach ënner dem Radar leeft.

D’Noemi Gaul ass schonn zanter Klengem Deel vun der Motocross-Famill an ass mëttlerweil och Presidentin vun der Motocross-Kommissioun. Si selwer war e Sonndeg och bei den Damme mat am Asaz, wou et zanter Jore bei hir e Familljenduell mat hirer Schwëster Kaya Gaul gëtt.

Bei den Hären an de Kategorien MX1 an MX2 waren d’Aen op de jonken Jamie Heinen geriicht. Eréischt virun dräi Woche konnt de Lëtzebuerger sech virzäiteg als Meeschter an der Liga Alsace-Lorraine kréine loossen a konnt och gutt Resultater an der däitscher Meeschterschaft fueren.

Zesumme mam Joe Stark an dem Damien de Muyser, déi de Weekend och um Depart waren, hate si d’lescht Joer Lëtzebuerg beim Motocross des Nations vertrueden, wat och als d’Olympesch Spiller vum Motocross bezeechent gëtt. Nächste Weekend geet et zu Boukels direkt weider mat de Coursen an der SWC-Meeschterschaft, wou iwwer 300 Piloten um Depart wäerte sinn – e wichtegen Datum, dee bei all Motorsportbegeeschterten net am Kalenner feele sollt.

Resultater

Elite MX2

  1. Jamie Heinen
  2. Arne Berscheid
  3. David Collignon

Dammen

  1. Noemi Gaul
  2. Vera Schumacher
  3. Kaya Gaul