Podiumen a Victoire weisen, datt mer kompetitiv waren, sou de Gil Linster
E Sonndeg ass zu Zolder an der Belsch d'Saison am EuroNascar op en Enn gaangen.
No der enttäuschender Defaite vum Samschdeg, wou dem Gil Linster säin Toyota Camry #50 den Déngscht quittéiert huet, goung et um Sonnden am Fong just nach dorëms, d’Degaten ze limitéieren a vläicht nach eng gutt Plaz erauszefueren. Op jiddwer Fall waren déi Lëtzebuerger Supporter am Asaz an hu kräfteg mat de Fändele gewonk.
Beim Start war d’Pist deelweis nach naass vum Reen e Sonndeg de Moien. Dofir gouf et e Single-Line-Start no zwou Formatiounsronnen. Vun der 11. Plaz aus ass de Lëtzebuerger gestart an huet direkt eng Plaz gutt gemaach. Duerno houng hie ronnelang hanner dem De Groot #69 fest. Fir ze iwwerhuele muss ee vun der Ideallinn erof an op den naassen Deel vun der Pist, wat dat ganzt net sou einfach mëscht. An der 13. Ronn huet et endlech geklappt, fir lascht den Hollänner ze fueren an eng Ronn duerno och nach laanscht de Rehberg #77. Esou fiert de Lëtzebuerger um Enn op der aachter Plaz iwwer d‘Arrivée. Gewonnen huet de Capelli #5 virum Toffel #34 an dem Krasonis #46.
Am provisoresche Klassement läit op éischter Plaz de Martin Doubek mat 568 Punkte virum Patrick Schober mat 525 Punkten an dem Thomas Krasonis mat 510 Punkten. De Gil Linster kënnt op déi siwent Plaz mat 475 Punkten.
„Ech hat mer natierlech méi erwaart vun dëser Saison, mee wann ee kuckt, wéi oft ech erausgekickt gouf, Valencia, Vallelunga a Most. Zu Vernay sinn ech iwwer e Stéck Auspuff gefuer, dat e Konkurrent viru mer verluer hat an dann hei zu Zolder viru menge Supportere geet d’Kupplung futti. Do ware vill méi Punkten dran iwwer déi ganz Saison gesinn“, sot en traurege Gil Linster. Mee hien huet säi Laachen net verluer a mengt: „Zwou Pole Position, eng Rei Podiumen an eng Victoire weist, datt mer kompetitiv waren dëst Joer. Mee dat ass Autossport, do geet net ëmmer alles wéi een et gären hätt. Ech soen de Sponsoren a mengem Team e grousse Merci, datt si mer esou e gudden Auto zur Verfügung gestallt hunn“.