Si gëllen als "déi olympesch Spiller vum Motorsport". Rieds ass vun de FIA Motorsport Games, déi zu a ronderëm Valencia gehale ginn.

Um Mëttwoch den Owend war déi feierlech Ouverture vun dësem Event, dat am wonnerschéine Kader vun der City of Arts and Sciences zu Valencia.

Et ass déi drëtte Kéier, dass dës "Spiller" organiséiert ginn an et ass fir d'zweet, dass eng Lëtzebuerger Delegatioun dobäi ass. Virun zwee Joer war de Grand-Duché just duerch zwou Persoune representéiert, eng Kéier am Drift, an eng Kéier am Esports.

Dëst Joer ass dat awer anescht. Net manner wéi 11 Sportler trieden an 9 Disziplinnen un.

Et sinn dat:

Hugo Arellano (37 Joer) - Rally4 Tarmac
Luca Becker (21 Joer) - Esports F4
Sandra Donkels Becker (36) an Daniel Donkels (39) - Auto Slalom
Steve Fernandes (43) & Steve Kirfel (40) - Rally2 Tarmac
Chester Kieffer (18) - Formule 4
Lukas Pelizzari (11) - Karting Sprint Jr
Alexandre Point (11) - Karting Mini
Bob Schanen (21) - Cross Car Senior
Rohan van Riel (41) - Drifting

D'FIA Motorsport Games kréien iwwerdeem en ëmmer méi grousse Succès. Sou si bei der drëtter Editioun net manner wéi 82 Länner vu 6 Kontinenter vertrueden. Domadder komme ronn 700 Sportlerinnen a Sportler zesummen, déi a 26 Disziplinnen ëm Gold, Sëlwer a Bronze kämpfen. Dat allerdéngs net an hirem eegenen Numm, ma fir hiert Land. Virun zwee Joer waren et mat 16 Disziplinnen der 10 manner wéi dëst Joer. Bei der 1. Editioun waren et der souguer just 6.

Dir kënnt verschidde Courssen live um Youtube-Kanal vun de FIA Motorsport Games suivéieren.

Lëtzebuerger Delegatioun op offizieller Ouverture (Bei 1 Stonn 17 Minutten an 43 Sekonnen)