Impressioune vun de Rallye-Piloten Hugo Arellano a Steve Fernandes

© Andy Brücker
Um Donneschdeg waren d'Rallye-Piloten eng éischte Kéier am Asaz, dat allerdéngs just fir ze testen.
Den Hugo Arellano ass keen Onbekannten an der Lëtzebuerger Automobilsport-Zeen, och wann et déi lescht Joren e bësse méi roueg ëm hie ginn ass. Dëse Weekend fiert hie mat sengem belsche Copilot Thomas Walbrecq op engem Peugeot 208 Rally4 an der Kategorie Asphalt ëm eng Podiumsplaz. Wisou hien zu Valencia un den Depart geet, wéi hie seng Konkurrenten a seng eege Chancen aschätzt, a wat ausser dem Rallye nach esou zu Valencia fir hien usteet, huet en eis an engem kuerzen Interview verroden, éier hien eng éischter Kéier op de Circuit gefuer ass.
An der ieweschter Kategorie hu mer dann den aktuelle Lëtzebuerger Rallye-Champion Steve Fernandes, deen op engem Hyundai i20 N Rally2 um Depart ass, dat eng éischte Kéier zanter Jore mat sengem fréiere Copilot Steve Kirfel. Dat ass eng Ëmstellung fir de Steve Fernandes, well hien ass déi lescht Jore mat franséischen Notte gefuer. Et huet deemno geheescht sech ëmzestellen. No engem éischte Passage um Shakedown en Donneschdeg de Mëtteg hate mer e kuerz virun der Kamera, fir him e puer Froen ze stellen.
E Freideg ginn am Rallye just d'Speciallen op Schotter gefuer. Deemno sinn déi zwee Equipagë mam Lëtzebuerger Fändel nach net gefuerdert, a si kënne sech op hiren Asaz um Samschdeg freeën.