Bagnaia wënnt zu Sepang, Decisioun ëm WM-Titel fält beim leschte GP

© AFP
Fir de Francesco Bagnaia ass et déi 10. Victoire an dëser Saison. Fir d'leschte Kéier war dat engem Pilot mam Marc Marquez 2019 gelongen.
An der MotoGP bleift et weider spannend. Beim Grousse Präis vu Malaysia, der zweetleschter Course vun der Saison, ass tëscht dem Jorge Martin an dem Francesco Bagnaia nach keng Decisioun ëm de WM-Titel gefall.
De Francesco Bagnaia (Ducati) konnt sech zu Sepang d'Victoire sécheren. De Jorge Martin (Ducati) ass op déi zweet Plaz gefuer. Virun der leschter Course vun der Saison (17. November zu Barcelona) huet de Martin an der WM-Wäertung eng Avance vu 24 Punkten op de Bagnaia.
Béid Konkurrenten ëm de WM-Titel hu sech wärend der Course a Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert. Direkt nom Depart hate sech béid Fuerer an der éischte Kéier beréiert. Wéinst engem méi spektakulären Accident mat de Piloten Jack Miller, Fabio Quartararo a Brad Binder an der Kéier zwee war d'Course ofgebrach ginn. De Miller huet missen op der Streck behandelt ginn, ma hien huet sech zum Gléck net schwéier blesséiert.
Kuerz virun 8.30 Auer gouf de Grousse Präis vu Malaysia nei gestart. Um Menü nach 19 Ronnen. Dës Kéier ass alles gutt gaangen an et gouf keen Accident. Un der Spëtzt hu sech Bagnaia a Martin nees e Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert.
Am Verlaf vun der Course konnt sech de Bagnaia awer vum Martin ofsetzen an huet sech um Enn mat enger Avance vu ronn 3 Sekonne virum WM-Leader behaapt. Den Enea Bastianini (Ducati) huet de Podium komplettéiert.
An der Moto2 huet sech den Celestino Vietti mat enger Victoire zeréckgemellt. Den Italiener hat sech beim Grand-Prix an Australien d'Schlësselbeen gebrach an hat zanterhier eng Paus gemaach. No Spielberg a Misano 2 ass et dem Vietti seng drëtte Victoire an dëser Saison. De Jorge Navarro ass Zweite ginn a stoung fir d'éischte Kéier zanter Portimao 2022 nees um Podium. Platz dräi huet sech den Izan Guevara geséchert. Fir de Moto3-Weltmeeschter vun 2022 ass et deen éischte Podium an der Moto2.
De Moto2-Weltmeeschter Ai Ogura hat zu Sepang keng Chance an huet wéinst technesche Problemer d'Zil net gesinn.
De Moto3-Weltmeeschter, David Alonso, huet zu Sepang beim Grousse Präis vu Malaysia säin nächste Succès gefeiert. Fir de Spuenier ass et schonn déi 13. Victoire an dëser Saison. Déi lescht Woch hat den Alonso eréischt mat senger 12. Victoire an enger Saison een neie Rekord realiséiert. Nëmme siwen Deeg méi spéit huet hien dësen ëm eng weider Victoire ausgebaut. Den Alonso huet sech mat enger Avance vun 0,088 Sekonne virum Taiyo Furusato behaapt. De Jose Antonio Rueda huet de Podium komplettéiert.
E Sonndeg hunn d'Organisateure dann och matgedeelt, datt déi lescht Course vun der Saison de Weekend vum 17. November zu Barcelona gefuer gëtt. U sech sollt d'Finall zu Valencia sinn, ma wéinst den uergen Iwwerschwemmungen an de villen Doudesaffer hunn d'Organisateuren decidéiert, d'Courssen op eng aner Plaz ze verleeën.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 38:04.563
2 J. Martin Prima Pramac Racing +3.141
3 E. Bastianini Ducati Lenovo Team +10.484
4 A. Marquez Gresini Racing MotoGP +12.230
5 P. Acosta Red Bull GASGAS Tech3 +13.699
Moto2
1 C. Vietti Red Bull KTM Ajo 36:06.629
2 J. Navarro OnlyFans American Racing Team +1.486
3 I. Guevara CFMOTO RCB Aspar Team +3.265
4 J. Dixon CFMOTO RCB Aspar Team +4.502
5 T. Arbolino Elf Marc VDS Racing Team +4.833
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 33:03.671
2 T. Furusato Honda Team Asia +0.088
3 J. Rueda Red Bull KTM Ajo +0.411
4 I. Ortola MT Helmets - MSI +0.996
5 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +1.091
De General
MotoGP
1 J. Martin Prima Pramac Racing 485
2 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 461
3 M. Marquez Gresini Racing MotoGP 369
4 E. Bastianini Ducati Lenovo Team 368
5 P. Acosta Red Bull GASGAS Tech3 209
Moto2
1 A. Ogura MT Helmets - MSI 261
2 A. Canet Fantic Racing 209
3 S. Garcia MT Helmets - MSI 181
4 F. Aldeguer Sync SpeedUp 175
5 M. Gonzalez Gresini Moto2 175
Moto3
1 D. Alonso CFMOTO Gaviota Aspar Team 396
2 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech3 236
3 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP 236
4 I. Ortola MT Helmets - MSI 217
5 D. Muñoz BOE Motorsports 162