Francesco Bagnaia mat Succès am Sprint, Decisioun ëm den Titel nach net gefall

© Manaure Quintero/AFP
No 12 Ronnen huet den Italieener sech virum Enea Bastianini an der Nummer 1 am General Jorge Martin duerchgesat.
Virun der leschter Course um Sonndeg ass weiderhi keng Decisioun am Weltmeeschterschaftskampf gefall. Duerch d'Victoire vum Francesco Bagnaia muss den 1. am General Jorge Martin op säin 1. Titel waarden. Seng 3. Plaz um Samschdeg goung net duer, fir den Titel ze sécheren. Den Enea Bastianini konnt sech vun der 8. Plaz op déi 2. Plaz no vir schaffen.
Am General huet de Martin virun der leschter Course um Sonndeg zwar nach eng komfortabel Avance vun 19 Punkten op de Bagnaia. Bei engem Ausfall vum Martin géing dem Bagnaia um Sonndeg awer eng 2. Plaz duergoe, fir de Spuenier nach anzehuelen.
Nom Start ass den Erausfuerderer Bagnaia op der 1. Plaz bliwwen an huet d'Féierung net méi ofginn. Hannendru war d'Course méi spannend. De Bastianini war vun der 8. op déi 2. Plaz no vir gefuer, de Martin hat sech vun der 4. Positioun op déi 3. no vir geschafft. An der Suite hu sech Bastianini, Morbidelli a Martin eng spannend an enk Course ëm déi 2. Plaz geliwwert. 7 Ronne viru Schluss huet de Martin eng Positioun gewonnen, konnt de Bagnaia awer net méi anhuelen. De Bastianini huet op der 3. Plaz net opginn a konnt sech an der leschter Ronn laanscht de Martin schaffen.
D'Resultater vum Sprint
MotoGP
1 F. Bagnaia 20:03.173
2 E. Bastianini +0.942
3 J. Martin +1.270
4 A. Espargaro +1.857
5 A. Marquez +1.942
6 F. Morbidelli +5.263
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 492
2 Francesco Bagnaia 473
3 Enea Bastianini 377
4 Marc Marquez 372
5 Pedro Acosta 209