Saison 2025 kéint nach méi enk ginn, esou den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

© AFP
D'Formel 1 Saison ass knapps eriwwer, do gëtt bei den Ecurië schonn en vue vun 2025 getest.
Dëst Joer hu 7 verschidde Piloten op d'mannst zwou Coursse gewonnen, dat gouf et bis elo nach ni. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl geet dovun aus, datt et d'nächst Saison nach méi enk un der Spëtzt hiergeet, wéi dat dës Kéier de Fall war.
"Do fänkt da bis op eemol un, de Pilot méi nach eng Roll ze spille wéi den Auto, well d'Autoe relativ no beienee sinn. Do ass eng Ecurie, déi zwee gutt Pilote kann opweisen, däitlech am Virdeel. Deementspriechend misst Ferrari gutt Kaarten do hunn. Bei McLaren muss ee kucken, wéi et da mat der Entwécklung vun de Piloten ausgesäit an ob déi méi mature ginn a manner Feeler maachen. Dann hunn déi och alleguer hir Chancen. Bei Red Bull steet natierlech d'Fro op: Wie gëtt den zweete Pilot? An deementspriechend wou kéinten déi leien? A beim Mercedes ass natierlech eng risen Onbekannten, en extreem onerfuerenen, de Kimi Antonelli. Dofir géif ech déi de Moment net zu de Favoritten zielen."
Zu Abu Dhabi dréien d'Piloten, wéi de Spuenier Carlos Sainz bei Williams an de Fransous Esteban Ocon bei Haas, scho Ronnen am Auto vun hire neien Ecurien. De Japaner Yuki Tsunoda sëtzt fir Tester am Red Bull.